
Schonn am Virfeld, schreift de CGDIS, hätt ee verschidde Mesurë geholl, fir d’Visitt vum Poopst ideal ze encadréieren.
Esou gouf d’Personal an der Zentral, also um 112 opgestockt, an de Centre de Gestion des Opérations gouf aktivéiert. Weider goufen d’Ekippen an der Stad verstäerkt an e spezielle Dispositiv gouf ronderëm d’Manifestatioun en place gesat. Am Total waren 130 Pompjeeën a Fräiwëlleger am Asaz, fir den Oflaf ze ënnerstëtzen an d’Sécherheet vun de Participanten a Spectateuren ze garantéieren.