Dräi Mesuren aus dem TripartitesaccordEnergiehëllefe fir Stéit a Betriber ugeholl, Oppositioun kritiséiert ze spéit Handele vu Regierung

Fanny Kinsch
D'Chamber huet en Donneschdeg dräi Gesetzer zur Ëmsetzung vum Tripartitesaccord eestëmmeg ugeholl, mat deenen ënner anerem d'Stéit an d'Betriber bei den héijen Energiepräisser entlaascht solle ginn.
© ROBERT SCHLESINGER/dpa Picture-Alliance via AFP

Chamber stëmmt dräi Mesure vum Tripartitesaccord / Rep. Fanny Kinsch

An der Chamber goufen en Donneschdeg de Moien dräi Gesetzer eestëmmeg ugeholl, mat deene Mesuren aus dem Tripartitesaccord ëmgesat ginn. Et geet ëm Hëllefe bei den Energiepräisser fir Betriber aus dem Transportsecteur, aus der Landwirtschaft an och fir d'Stéit.

Konkreet fir d'Stéit geet de Präis vu Masutt a Gas ëm 15 Cent de Liter erof, dat vum 1. August u bis Enn vum Joer.

D'Majoritéitsparteien hu gelueft, d'Regierung hätt zum richtege Moment Verantwortung iwwerholl a wiere séier mat de Sozialpartner zu enger Léisung komm.

Dat hunn d'Oppositiounsparteien allerdéngs anescht gesinn, déi kritiséiert hunn, datt scho vill méi fréi kloer gewiescht wier, datt misst gehandelt ginn.

De Piraten-Deputéierte Sven Clement: "Et gëtt duerch de parlamentaresche Prozess gebrätscht, mee firwat si mer iwwerhaapt an déi Situatioun komm? Ma mir sinn an déi Situatioun komm, léif Kolleeginnen a Kolleegen, well d'Regierung sech Zäit gelooss huet mat der Convocatioun vun enger Tripartite."

D'Regierung wier natierlech net verantwortlech fir de Krich am Iran, esou den LSAP-Deputéierte Georges Engel:"Mee, si ass awer responsabel fir déi schlecht Stëmmung hei am Land an dës Regierung, déi huet et net sou richteg mam Sozialdialog, dat huet ee vun Ufank u gesinn."

Den ADR-Deputéierte Fred Keup huet fonnt, et hätt een d'Tripartite net gebraucht fir déi Mesuren: "Also dat wier jo keng Hexerei gewiescht, dat heite selwer auszeschaffen, entweder vun der Regierung, oder hei an der Chamber."

Ënnert anerem vun der Deputéiert vun déi gréng Sam Tanson war et d'Kritik, datt net no anere Léisunge wéi d'staatlech Ënnerstëtzung bei den Energiepräisser gesicht gi wier: "An der Kommissioun hu mer dacks héieren 'Mir hunn et einfach gemaach wéi déi leschte Kéier'. 2022 war eng Noutsituatioun, d'Gaspräisser waren explodéiert, et gouf nach keen europäesche Gasdeckel, déi meescht Nopeschlänner hunn um Präis vun de Brennstoffer intervenéiert. Haut ass d'Situatioun eng aner."

Den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum huet d'Energiepräisbrems als "néidegen Iwwel" beschriwwen:"Besser wier, mir missten dat net maachen. Mee zumindest suerge mer esou dofir, datt d'Käschte fir d'Majoritéit vun de Stéit net ze vill explodéieren."

Fir Opreegung an der Debatt huet den DP-Deputéierte Marc Hansen gesuergt, deen d'Riede vun den Oppositiounspolitiker kritiséiert huet, well e fonnt huet, se géingen ze vill an all Richtung goen.

Déi gréng hunn iwwerdeems an enger Motioun gefrot, fir den Tankrabatt ofzeschafen. All déi aner Parteien hunn dogéint gestëmmt.

Eng weider Motioun huet gefuerdert, ze analyséieren, wéi eng alternativ Mesurë méiglech wieren, fir a Krisen ze reagéieren – ma och dës krut keng Majoritéit.

Back to Top
CIM LOGO