
D'Impfquot géint den HPV-Virus bei Meedercher läit zu Lëtzebuerg bei knapp 82 Prozent, bei de Jonge bei 73 Prozent. Dat sot d'CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez en Donneschdeg de Mëtten an der Chamber, bei der Äntwert op eng Fro vum CSV-Deputéierte Ricardo Marques. Bei de Jonge wier déi Quot nach net héich genuch an et misst och méi a Richtung 80-90 Prozent kommen.
Dofir misst nach méi kommunizéiert a sensibiliséiert ginn. Et géing eng Broschür iwwert d'Schoulmedezin verdeelt ginn an Eltere vu Kanner, déi net geimpft sinn, géingen och geziilt mat Informatioune kontaktéiert ginn. Mëttlerweil kéinten och jonk Erwuessener bis 26 Joer sech impfe loossen, sou dass een d'Broschür elo iwwerschafft hätt an dës géing elo och méi wäit verbreet ginn. Den HPV-Virus kann a schlëmme Fäll zu Kriibserkrankunge wéi Gebärmutterhalskriibs féieren.