Een Täter festgehollPolice mellt zwee Fäll vun Déifstall an der Stad

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, ass et an de leschte Stonnen zu zwee Déifställ an der Stad komm – an engem Fall konnt den Täter festgeholl ginn.
© Laurent Weber

Géint 15:20 Auer e Mëttwoch gouf der Police e presuméierten Déif an engem Supermarché op der Place de la Gare gemellt. Eng Persoun hat hei probéiert, verschidde Wueren ze klauen, ass awer direkt vum Sécherheetspersonal gestoppt ginn. De Mann war däitlech alkoholiséiert, a well hien d'ëffentlech Uerdnung gestéiert a sech onkooperativ gewisen huet, gouf hien no enger medezinescher Kontroll an den Arrest bruecht.

An der Nuecht op en Donneschdeg huet eng Persoun der Police géint Hallefnuecht gemellt, dass an der Rue de l'Acierie zu Hollerech aus engem Auto geklaut gouf. Onbekannt Täter hunn eng Fënster ageschloen an eng Posch mat perséinlechen Dokumenter geklaut.

A béide Fäll gouf e Protokoll erstallt.

Back to Top
CIM LOGO