
Den informatesche System vun der Steierverwaltung gëtt moderniséiert, domat soll den Undeel un elektronesche Steiererklärunge vun aktuell 17 Prozent op 85 Prozent bis 2028 eropgoen. Et bleift awer weider méiglech, d'Steiererklärung analog, also um Pobeier, ze maachen.
Den deementspriechende Gesetzesprojet gouf en Donneschdeg de Moien eestëmmeg an der Chamber ugeholl.
Déi aktuell informatesch Infrastruktur kënnt aus de 70er an 80er Joren. Déi meescht Oppositiounsparteien hunn den CSV-Finanzminister opgefuerdert, Explikatiounen zum Käschtepunkt ze ginn – den neien informatesche System kascht de Staat 226 Milliounen Euro.
Dozou de Gilles Roth: "Mir hunn hei elo dee Präis vun 193 Milliounen hors TVA. An dovunner sollen, op déi informatesch Léisung, solle 94 Milliounen ouni TVA drop entfalen. Zousätzlech muss een awer och soen, dass déi Leit musse forméiert ginn, dass muss dee ganze System dorobber, et geet jo net duer mat enger Software, mee dee ganze System muss dorobber axéiert ginn."
An do géing et eben och eng Roll spillen, dass déi aktuell Systemer esou al sinn.
Et kéint awer sinn, dass de Projet vun der Moderniséierung nach Retard kritt. Eng Entreprise hat Recours géint de Marché public gemaach an ass no der Decisioun an éischter Instanz an Appell gaangen.
D'Urteel steet do nach aus, kéint dem Minister no awer nach virum Summer kommen.
An der Chamber goufen en Donneschdeg de Moien dräi weider Gesetzer eestëmmeg ugeholl, mat deene Mesuren aus dem Tripartitesaccord sollen ëmgesat ginn. Et geet ëm Hëllefe bei den Energiepräisser fir Betriber aus dem Transportsecteur, aus der Landwirtschaft an och fir d'Stéit.
Konkret fir d'Stéit geet de Präis vu Mazout a Gas ëm 15 Cent de Liter erof, dat vum 1. August u bis Enn vum Joer. D'Majoritéitsparteien hu gelueft, d'Regierung hätt zum richtege Moment Verantwortung iwwerholl a wiere séier mat de Sozialpartner zu enger Léisung komm.
Dat hunn d'Oppositiounsparteien anescht gesinn, déi kritiséiert hunn, datt scho vill méi fréi kloer gewiescht wier, datt misst gehandelt ginn. Aus der Oppositioun gouf och d'Fro opgeworf, firwat net no Alternativen zu der allgemenger Brems bei den Energiepräisser gesicht gi wier.