
D'Police lancéiert nach emol en Zeienopruff wéinst dem Virfall um Glacis nieft dem Concert owes op Nationalfeierdag. E jonke Mann war do géint 22:15 Auer schwéier mat engem Messer blesséiert ginn. Zwou Gruppe vu Leit sollen uneneegerode sinn an dobäi koum et zu der Messerattack.
D’Police judiciaire sicht besonnesch no Fotoen oder Videoen, déi Privatleit vum Virfall oder vu Verdächtege gemaach hunn. Si si gebieden, se der Police zur Verfügung ze stellen dat op enger speziell ageriichter Plattform.
*D'Attack war um Owend vun Nationalfeierdag an net um Virowend, wéi mir et an enger éischter Versioun do stoen haten.