
D'Stad Esch reagéiert an engem Schreiwes a weist all Reprochë vu sech, déi wéinst dem Immobilieprojet "Portal Eent" gemaach goufen. De Promoteur Kindy Fritsch wéilt 130 Milliounen Euro vun der Stad Esch, well déi de Projet sabotéiert hätt an de Verpflichtungen net nokomm wier.
An engem Communiqué heescht et, déi Virwërf wären net fondéiert. D'Stad Esch géif ëmmer am Interêt vun den Awunner an nom Gesetz handelen. Et wär een ëmmer fir e Wunnengsprojet um fréiere Site Losch gewiescht an et hätt een net blockéiert. D'Baugeneemegunge wären och zweemol verlängert ginn, fir dem Promoteur déi néideg Zäit ze ginn. Dat wär de Maximum, deen d'Gesetz virgesäit. Hien hätt du missen eng nei Autorisatioun ufroen an hätt déi och kritt.
2018 war den néidege PAP ugeholl ginn, elo am Januar dëst Joer war déi nei Baugeneemegung erausgaangen.