
“Relatioune mat der Press musse professionell, transparent an oppe sinn.” Dat sot d’Ministesch Yuriko Backes no enger rezenter Affär tëscht Meteo Boulaide a Meteolux. Op engem sozialen Netzwierk war dem staatleche Wiederdéngscht Meteolux no den Iwwerschwemmunge vum 19. Mee vum privaten Déngscht aus dem Norde virgeheit ginn, net geziilt genuch gewarnt ze hunn. D’Diskussioun war online eskaléiert. Hannert engem anonymmen Account soll sech e Mataarbechter vu Meteolux verstoppt hunn. Doriwwer eraus krut d’Tageblatt um Telefon gedreet, aus dem Mail-Verdeeler vum staatleche Wiederdéngscht erausgeholl ze ginn. Dat wier awer souwisou guer net méiglech, huet déi zoustänneg Ministesch Backes an der Chamber präziséiert.
D’Fro no de Konsequenze vun dëser Affär stoung am Zentrum vun enger Kommissiounssëtzung en Donneschdeg de Moien an der Chamber. D’Rumeur, dass den Account engem Beamte vu Meteolux gehéiert, gouf awer dementéiert. D’Transportministesch Yuriko Backes: “En huet och dementéiert vis-à-vis vu mir, dass et ëm Menacë gaangen ass vis-à-vis vun där Zeitung.”
Et stéing deemno Ausso géint Ausso. De Beamten, ëm deen et hei geet, hätt dann och Plainte bei der Police gemaach, esou nach déi zoustänneg Ministesch. Dat awer net géint d’Zeitung oder géint e Journalist, mee géint déi zoustänneg Persoun vu Meteo Boulaide, mat där de ganzen Echange um soziale Reseau war.
Déi Gréng Deputéiert Joëlle Wellfring huet betount, dass d’Situatioun allgemeng ënner de verschiddene staatleche Wiederdéngschter misst verbessert ginn. Et sollt gekuckt ginn, wéi zu Lëtzebuerg Kompetenze kéinte gebündelt ginn. Souwuel den Inneminister wéi d’Ministesch Backes hätte sech deem oppe géintiwwer gewisen.
Fir d’Zukunft ka sech d’LSAP-Deputéiert Taina Bofferding och eng Zesummenaarbecht mat private Wiederdéngschter virstellen. Et hätt een heiansdo d’Impressioun, dass géinteneen amplaz matenee geschafft gëtt. Dat wier net sënnvoll fir beschtméiglech a séier ze reagéieren, wann et zu Wiederphenomener kënnt.
Dobäi kënnt, dass de Warnsystem soll iwwerschafft ginn, sot de Piraten-Deputéierte Marc Goergen. Déi aktuell Method via SMS ass fir de Piraten-Deputéierten eng vereelzt Method. Fir dësen Hierscht hätt de Minister verséchert, eng Ännerung ze presentéieren. Dann erhofft ee sech, ganz allgemeng besser op uerg Wiederkonditioune preparéiert ze sinn.