Enn vu Lafzäit vu CattenomChamberkommissioun wëll weider Drock op Frankräich maachen

Jean-Marc Sturm
An der zoustänneger Chamberkommissioun goung et en Donneschdeg de Moien ëm d'Verlängere vun der Lafzäit vum Atomkraaftwierk Cattenom.
© Domingos Oliveira / RTL

Spéitstens, wann een am Eck tëscht Diddeleng a Schengen Richtung Süde kuckt, gesäit ee bis zu 4 déck wäiss Wolleken an et gëtt een drun erënnert, dass mer direkt hannert der Grenz bei Cattenom zënter den 80er Joren een Atomkraaftwierk stoen hunn. Et ass ëmmerhin déi zwieleft-gréisst Atomzentral op der Welt.

Geplangt war am Ufank eng Lafzäit vu 40 Joer an déi ass fir de Reakter eent an zwee Joer erreecht.

Chamberkommissioun zu Lafzäit vu Cattenom / Reportage Jean-Marc Sturm

De François Bausch vun déi Gréng huet drop higewisen, dass Drock vu Baden-Württemberg derfir gesuergt huet, dass d’Zentral zu Fessenheim, déi och an engem direkte Grenzgebitt ass, d’Lafzäit net verlängert krut. Dowéinst d’Fro, ob a wéi Lëtzebuerg sech op eng änlech Manéier am Fall Cattenom wiere wëll.

Jo, sot den Ëmweltminister Serge Wilmes.

“Dat ass eng ganz kloer politesch Ausso, zu där mir stinn, a mir wäerten do all d’Moyenen huelen, déi mir kënnen huelen, fir dorobber versichen, anzewierken.”

De Serge Wilmes zweiwelt awer ferm drun, dass den aktuelle franséische President Macron mat op dee Wee geet.

Wéi d’Lafzäit Fessenheim net verlängert gouf, hat Frankräich en anere President an et gouf den Drock wéinst der Katastroph an der Zentral vu Fukushima. Haut dogéint setzt Frankräich mat ëmmer méi Nodrock op den Ausbau vu sengem Nuklearpark. An de Reie vun de Parteien ass een der Meenung, dass een den Drock trotzdeem soll oprecht erhalen.

Just den ADR-Deputéierten Tom Weidig ass géint de Stroum geschwomme mat als Resultat engem Intermezzo mam Grénge François Bausch.

Intermezzo tëscht Tom Weidig a François Bausch

Sujet war och d’Energie-Effizienz, wou d’EU entgéint der Logik deene Länner, déi déi ambitiéist Ziler haten, elo nach méi héich Ziler wëll ginn. Do wäert Lëtzebuerg am EU-Kontext net mat zéien, well et kuerzfristeg net ze stemme wier.

Déi ganz Sëtzung vun der Chamberkommissioun kënnt Dir um Site vun der Chamber nokucken.

Back to Top
CIM LOGO