Gemenge sollen entlaascht ginnChangementer bei der Finanzéierung vum CGDIS

Pit Everling
D'Gemenge fille sech ongerecht behandelt beim Finanzement vum CGDIS. Dës Vue deelt den CSV-Inneminister Léon Gloden an annoncéiert Changementer.
© RTL

De Verwaltungsrot vum CGDIS huet Enn Juni eng Rei Ännerunge guttgeheescht. Dat confirméiert de Léon Gloden dem LSAP-Deputéierten Dan Biancalana, deen dëst an enger parlamentarescher Fro wësse wollt.

07/08/2024 Finanzement CGDIS 18h30 - Reportage Pit Everling

Konkret annoncéiert de Minister 3 Changementer. An der Praxis hätt et d’Finanzéierung „à parts égales“ tëscht Staat a Gemengen net ginn. Wäit méi wéi d‘Hallschent géing zu Laaschte vun de Gemenge goen. Déi Gemengen hunn 10% vun deem zegutt, wat de CGDIS iwwert d‘TVA erakritt, de Rescht muss aus den eegenen Täsche bäigesteiert ginn.
Allerdéngs ass bei dëser Dispositioun d‘TVA-Hausse vu 15 op 17 Prozent net consideréiert ginn an de Plus u Recettë gouf dem Stat ugerechent.

Vun elo u sollen dës Recetten als Contributioun vun de Gemengen ugesi ginn. Dat sinn zousätzlech Moyennen an enger Héicht vu gutt 32 Milliounen Euro fir déi verschidde Gemengen, rechent de Minister vir. Um Beispill vun 2022 wier ze gesinn, dass d‘Gemengen aus den eegene Keesen net 32,2 Milliounen, mä just ronn 6 Milliounen Euro hätte misse bezuelen, wier den neie System mat der TVA-Berechnung schonn en Place gewiescht.

Eng zweet Moossnam betrëfft den Nationale Rettungszenter CNIS op der Cloche d‘Or. De Staat verzicht do op de Remboursement vu sengem Deel, wat ëmmerhi ronn 80 Milliounen Euro waren. Domat géif de Corps vun de Rettungsservicer net just dës héich Depensë spueren, mä och 32 Milliounen Euro Zënsen um entspriechende Prêt.

Da soll als drëtt Ännerung d‘Proportionalitéit par Rapport zu de Recettë vun enger Gemeng retabléiert ginn.
Dofir ginn Dispositioune vum entspriechende Gesetz vun 2018 nees agefouert, déi am Joer 2022 vun der viregter Regierung ofgeschaaft gi waren. Géif dat net geschéien, kéinte verschidde Gemengen hir Contributioun net méi stäipen, sou den Inneminister.

De Gemengesyndikat Syvicol wier enk an d‘Diskussiounen agebonne gewiescht, heescht et weider. D‘Texter géife grad ausgeschafft ginn an d‘Ännerunge sollen op den 1. Januar 2025 gräifen.

Back to Top
CIM LOGO