
Tëscht e Freideg 10. Juli 13 Auer an e Méindeg 13. Juli 5 Auer moies gëtt op der A13 tëscht dem Echangeur Altwis an dem Echangeur Fréiseng de Belag vun der Strooss nei gemaach, sou dass dësen Ofschnëtt wäert fir den Trafic deels gespaart sinn, dat a béide Richtungen. Op dëser Streck wäert dann och d'Vitesse op 70 Stonnekilometer limitéiert sinn.
Eng Partie Sortien an Opfaarte wäerten dann och gespaart sinn, Deviatioune sinn dann op der Platz gezeechent.
Weider Detailer iwwert dëse Chantier ginn et hei: