Op der Stater GareZwou Persoune kommen no Kierperverletzung an Arrest

RTL Lëtzebuerg
No engem Sträit an deem dräi Persounen involvéiert waren, gouf eng Persoun blesséiert.
© RTL Archiv

En Dënschdeg géint 11:30 Auer gouf der Police eng blesséiert Persoun virun der Haaptentrée vun der Stater Gare gemellt. Op der Platz ukomm, huet eng Patrull vun der Police dräi Persounen ugetraff, eng dovunner louch um Buedem a war blesséiert.

Éischten Informatiounen no war dës Persoun vun zwee Verdächtege geschloe ginn, virdru soll et zu engem verbale Sträit tëscht de Bedeelegte komm sinn.

Déi zwee Verdächteger stoungen ënner staarkem Alkoholafloss. Opgrond vun hirem Zoustand koumen d'Persounen an Arrest. Si goufen am Fall vu Kierperverletzung protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO