Froestonn an der ChamberVun Hëtzt a Flüchtlingsstrukture bis Gewalt am Internet

Marc Hoscheid
Eng 430 Flüchtlinge goufe wéinst ze héijen Temperaturen op aner Plaze verluecht. Beim Kampf géint digital Gewalt setzt Lëtzebuerg op eng europäesch Zesummenaarbecht.
© SIP / Emmanuel Claude

Wéi gouf déi rezent Canicule an de Strukture fir Flüchtlingen geréiert? Dat wollt déi gréng Deputéiert Djuna Bernard en Dënschdeg de Mëtteg an enger Froestonn an der Chamber wëssen. De Radio 100,7 hätt gemellt, datt 431 Persounen aus der Zeltstad um Kierchbierg relogéiert gi wieren. Dowéinst wollt d'Deputéiert ënnert anerem wëssen, wat déi genee Ëmstänn vun deem Relogement waren.

Den Accueilsminister Max Hahn huet a senger Äntwert engersäits ënnerstrach, datt et hei am Land ganz ënnerschiddlech Flüchtlingsstrukturen géing ginn, anerersäits awer och, datt net all Flüchtling vulnerabel wier. Mee déi, wou dat de Fall ass, géinge generell sou séier wéi méiglech an adaptéierte Strukturen ënnerbruecht ginn. Wat dee konkrete Fall vun der Zeltstad ugeet, war et dës Ausso: "Wat d'Zeltstad um Kierchbierg ugeet, ass et richteg, datt mer, iwwregens net fir d'éischt, Leit do erausgeholl hunn, well et riskéiert huet, ze waarm ze ginn. Dat hu mer an enger éischter Phase fir déi vulnerabel Leit gemaach, déi an deene Strukture waren a mir hunn eis decidéiert, wéi annoncéiert ginn ass, lo si mol fënnef Deeg, mer wëssen, et waren der um Enn siwen, wou mer wierklech Vigilence rouge haten, hu mer all d'Leit evakuéiert. Mir hu jo d'Noutstruktur um Findel, déi ware mer jo och eng Kéier als Kommissioun zesumme kucken, wou mer déi Leit dunn zu engem ganz groussen Deel konnten hebergéieren."

Den Accueilsminister Max Hahn iwwert d'Flüchtlingsstrukturen

Et géing zwar och Méiglechkeeten zur Ofkillung an der Zeltstad ginn, mee déi hätten net sou funktionéiert, wéi se sollten.

An enger weiderer Fro wollt d'Presidentin vun der LSAP-Fraktioun Taina Bofferding wëssen, ob d'Justiz an d'Police déi néideg Moyenen hunn, fir géint de Phänomen vum Nihilisme violent extrémiste kënne virzegoen. Dobäi gi virun allem Jonker online kontaktéiert an iwwerzeegt, fir entweder géint anerer oder och géint sech selwer gewalttäteg ze ginn, wat bis zum Suizid féiere kann.

Dem Policeminister Léon Gloden no géing een de Phänomen op alle Fall ganz eescht huelen: "Déi Lëtzebuergesch Autoritéiten, dorënner natierlech och eis Police, schaffen zanter e puer Joer am Europol-Projet 'Kompass' mat, fir Informatiounen auszetauschen. Dat heescht dat ass ee Phänomen, wou och um europäeschen Niveau kooperéiert gëtt. Och d'EU warnt mat Initiativen, wéi 'better internet for kids'."

Dem Policeminister Léon Gloden iwwer Nihilisme violent extrémiste

Allerdéngs missten och d'Elteren hier Responsabilitéit huelen an iwwerwaachen, wat hier Kanner am digitale Raum maachen.

Back to Top
CIM LOGO