Ouni valabele Permis zu Esch ënnerweeChauffer fiert a Kierfecht, baut Accident, provozéiert Police a kënnt an Arrest

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et e Méindeg den Owend zu engem Accident um Escher Kierfecht.
© RTL Archivbild

Géint 18.15 Auer hat en Zeien der Police gemellt, dass een Automobilist an der Monnerecher Strooss zu Esch an e Kierfecht gefuer wier an do en Accident hat. E puer Griewer wieren dobäi beschiedegt ginn.

Eng Policepatrull ass op d’Plaz gefuer a konnt de Chauffer ausmaachen. Bei der Kontroll ass dësen ëmmer méi provokativ ginn. En Alkoholtest war positiv an hie krut e provisorescht Fuerverbuet. Dobäi gouf festgestallt, dass de Mann guer kee valabele Permis huet. Op Uerder vum Parquet gouf et e Protokoll a well e Chauffer fir sech a fir anerer eng Gefor duergestallt huet, koum hien an Arrest.

Méi spéit an der Nuecht ass nach e Chauffer am Garer Quartier an der Stad negativ opgefall. Dësen hat offensichtlech Problemer, nach Auto ze fueren an hie gouf gestoppt. Den Alkoholtest war och hei positiv an de Permis gouf agezunn.

Dann huet och de CGDIS nach e Virfall zu Déifferdeng an der Zolwer Strooss. Géint 16.30 Auer krute sech do zwee Gefierer ze paken an eng Persoun gouf blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO