Verstéiss géint de Code de la routeChauffer liwwert sech Course-poursuite mat der Police

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch am spéiden Owend hat d'Police eng Kontroll op der Héicht vum Rond-point Schuman an der Stad duerchgefouert.

Dobäi ass de Beamten e Gefier opgefall, dat mat héijer Vitess iwwert de Boulevard de la Foire gefuer ass. D’Beamte sinn dem Gefier doropshin nogefuer. Wéi de Chauffer dat bemierkt huet, ass hien a Richtung Stäreplaz gefuer.

Mat Hëllef vu Passanten ass et de Poliziste schliisslech gelongen, als éischt d’Gefier an duerno och de Chauffer an di aner Passagéier vum Gefier ze lokaliséieren.

Bei der Kontroll vum Gefier huet sech erausgestallt, dass de Controle technique ofgelaf war, ausserdeem gouf e “Schlagring” am Gefier fonnt.

Back to Top
CIM LOGO