
Wéi d’Police schreift, ware si op en Automobilist opmierksam ginn, dee mat 196 Stonnekilometer iwwert d’A13 a Richtung Käerjeng gefuer ass. Erlaabt sinn der do 110.
Am Rond-point Biff krute si dee presséierte Chauffer gestoppt, deen e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt krut.
E weidere Permis krut en Automobilist op der A6 Héicht Stroossen agezunn, nodeems hien enger Patrull wéinst sengem onséchere Fuerstil opgefall war. Hien huet bei der Kontroll Unzeeche vun Alkoholkonsum opgewisen. Et gouf een Test gemaach an dee war positiv.
An der Nuecht op e Sonndeg koum et zu zwee Abréch. Zu Märel hunn Onéierlecher eng Fënster futtigeschloen a sinn an eng Wunneng agebrach. Si hunn eng Partie Zëmmeren duerchwullt a Saache geklaut.
Géint Hallefnuecht gouf an der Rue Kundel zu Mäertert d’Fënster op der Bäifuerersäit vun engem Auto ageschloen. Do gouf eng Posch geklaut.
A béide Fäll gouf eng Enquête an d’Weeër geleet.