DiddelengChauffer spréngt wärend Faart aus geklautem Auto

RTL Lëtzebuerg
Kuerz virun Hallefnuecht e Freideg huet d'Police e geklauten Auto zu Diddeleng gesinn.

De Chauffer ass wärend der Faart aus dem Gefier erausgesprongen an huet sech ze Fouss fortgemaach. Den Auto ass dunn an e Potto an eng Mauer vum Parc Emile Mayrisch geknuppt. Och déi zweet Persoun ass du fortgelaf a konnt bis elo net erëmfonnt ginn. De Chauffer konnt kuerz drop gestoppt gi mat zwou Tute Kokain. Hie gouf verhaft.

Back to Top
CIM LOGO