
Géint 12.15 Auer e Mëttwoch de Mëtteg krut d’Police en Auto gemellt, deen zu Ierseng am Zickzack géing fueren an a Richtung Mutfert ënnerwee wier. Zu Mutfert selwer wier de Chauffer dann an e geparkten Auto gerannt, éier en an Direktioun Sandweiler weidergefuer, an dobäi an e Bus gerannt wier. Kuerz drop krut d’Police da gemellt, dass den Auto an der Rue de la Vallée zu Schraasseg ënnerwee wier. Hei gouf de Chauffer schliisslech vun enger Policepatrull gestoppt. En Alkohol an en Drogentest, déi op der Plaz gemaach goufen, waren allebéid negativ.
Beim Auto, deen an d’Accidenter verwéckelt war, handelt et sech ëm e groen Audi. D’Besëtzer vun de beschiedegte Gefierer si gebieden, sech beim Policekommissariat Sirdall ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 78 1000 oder via Mail op police.syrdall@police.etat.lu.