Alkohol um SteierChaufferen zu Rodange a Rëmerech haten ze vill gedronk

RTL Lëtzebuerg
Zu Rodange war enger Patrull vun der Police e Méindegowend e Chauffer op enger Tankstell opgefall, deen immens haart Musek gelauschtert huet.

Ausserdeem hat hien um Trottoir geparkt, wouropshin hie vun de Beamten ugeschwat gouf, déi hie gebieden hunn, d’Musek méi lues ze dréinen a sech aneschters ze parken. Den Automobilist huet dobäi staark Unzeeche vun Alkoholkonsum gewisen, wouropshin en entspriechenden Test gemaach gouf. Dësen ass positiv verlaf an de Mann huet säi Permis mussen ofginn.

Géint 21.55 Auer krut d’Police dunn en Accident zu Rëmerech am Préizerdaul gemellt. E Chauffer ass hei vun der Strooss ofkomm an am Gruef gelant. Och hei ass en Alkoholtest verlaf an de Fürerschäi gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO