
Dobäi ass den Auto op d’Géigespuer geroden, ass duerch d’Leitplank gerannt a koum ronn 80 Meter méi spéit um Daach zum stoen. Op der Plaz ware Pompjeeën an Ambulanz. Wéi et säitens der Police op Nofro heescht, goufen hei zwou Persoune blesséiert. De Samu war och op der Plaz.
D’Strooss ass e Mëttwoch de Mëtteg nach bis op Weideres gespaart.