„Verdeedegung geet eis all eppes un“D‘Justiz- a Friddenskommissioun fuerdert breeden Debat iwwer d‘Defense

Maxime Gillen
Mam Ukrain-Krich an den USA, déi sech bannent der NATO manner wëlle fir Europa engagéieren, hunn d‘europäesch Länner hir Defense-Budgete massiv eropgesat, ouni awer e gréissere gesellschaftlechen Debat doriwwer ze féieren, bedauert d‘Kommissioun.
D'Justiz- a Friddenskommissioun
D'Justiz- a Friddenskommissioun
© Maxime Gillen

D‘Kommissioun Justice et Paix fuerdert en ëffentlechen Debat iwwert d‘Defense. Mam Ukrain-Krich an den USA, déi sech bannent der NATO manner wëlle fir Europa engagéieren, hunn d‘europäesch Länner hir Defense-Budgeten massiv eropgesat. Dat awer ouni gréissere gesellschaftlechen Debat doriwwer, bedauert d‘Justiz- a Friddenskommissioun, déi hir Bedenken en Donneschdeg virun der Press presentéiert huet.

„Mir sinn alleguerte vun enger Verdeedegung concernéiert“, betount de President vun der Kommissioun, Jean-Paul Lehners. „Mir mussen eis och iwwerleeën, wat verdeedege mer? Verdeedege mer Grenzen? Verdeedege mer eis Fräiheet? An esou weider. Dat si wichteg Froen.“

An doriwwer dierft net just mat der Rëschtungsindustrie geschwat ginn.

Allgemeng sinn déi Responsabel vu Justice et Paix net géint d‘Hausse vum Defensebudget, ma si ginn ze bedenken, datt déi aktuell Regierung dëse Revirement net am Programm stoen hat, an deemno och ni konkret dofir gewielt gouf. Et wier ze vill einfach, d‘Verdeedegung un d‘Arméi oder de Ministère ze delegéieren, fënnt de Jean-Paul Lehners.

D‘Argument vun der Politik, datt Investitiounen an d‘Rëschtungsindustrie wirtschaftlech Virdeeler fir d‘Land an Europa géife mat sech bréngen, stellt ee bei der Kommissioun och a Fro. Dat well et wëssenschaftlech Etüden souwuel an déi eng, wéi an déi aner Richtung ginn. D‘Kommissioun vermësst konkret Zuelen, déi weisen, wéi eng Virdeeler ee sech konkret duerch déi massiv Investitiounen erwaart a reprochéiert der Regierung e Manktem un Transparenz. Ëmmerhin géif de Risiko bestoen, datt d‘Industrie hir Capacitéite kuerzfristeg guer net méi héich schrauwen, esou „datt just héijer Dividenden an den Täsche vun de Proprietäre vun de Rüstungsunternehmen wäerte landen“, erkläert de Generalsekretär vun der Kommissioun, Jean-Louis Zeien.

Eng weider Fuerderung vun der Organisatioun ass, dass d‘Theema och an der Schoul traitéiert gëtt. An dat net nëmmen, fir iwwer aktuell Froen ze diskutéieren, ma och fir Gewalt ze verhënneren.

„Ech wéilt, datt an eise Schoule vill méi géif de Wäert geluecht ginn op Preventivmoossnamen an ze soen, wéi kënne mer Kricher verhënneren, wéi gëtt et Konfliktforschung, wéi kënne mer Konflikter léisen, ouni Gewalt zum Beispill?“, esou de Jean-Paul Lehners.

D‘Kommissioun Justice et Paix ass eng Organisatioun vun der kathoulescher Kierch. Si soe sech awer komplett onofhängeg an hiren Avisen.

Back to Top
CIM LOGO