
Mee de Musée bitt ënnerschiddlech Féierungen un. Dëse Mount kënnt eng nei dobäi: eng Visite guidée fir Leit, déi sech iwwert de Biergerpakt umellen. Eng gratis Offer, déi fir jiddereen op ass, egal ob een nei zu Lëtzebuerg ass oder schonn ëmmer hei wunnt oder Frontalier ass. D’Direktesch vum Musée, d’Raffaella Campobasso, erwaart sech e ganz gemëschte Grupp. Leit, déi eventuell duerch hir Nationalitéit oder hire familiären Hannergrond e Lien zu de fréiere Minnenaarbechter hunn. Duerch d’Guiden, déi esou e perséinleche Lien och verkierperen, sollen d’Leit ënnerteneen an d’Gespréich kommen oder och einfach e Gespier fir d’Vergaangenheet an de Patrimoine vu Lëtzebuerg kréien.
“Well wie Land a Leit kenneléiert, fillt sech mat Lëtzebuerg och méi verbonnen”, esou de Familljeminister Max Hahn. Säi Ministère huet de Biergerpakt an d’Liewe geruff, fir d’Zesummeliewe méi gräifbar ze maachen. Ugefaangen huet et d’lescht Joer éischter mat informativen Aktivitéiten, wéi Formatiounen zum Fonctionnement vun der Kannerbetreiung oder d’Offer un Hëllefen am Logement. Dëst Joer sinn déi kulturell Offeren dobäi komm: Visites guidées, Filmowender oder nach kreativ Atelieren.
Och fir Online-Sproochecoursen an den dräi Landessprooche kann ee sech iwwert de Site biergerpakt.lu umellen. Dat Ganzt fonctionéiert iwwert eng MyGuichet-Connexioun, mee fir dass och geflüchte Persounen, déi de Statut nach net hunn, och kënnen deelhuelen, gouf eng extra Demarche en place gesat. Ganz allgemeng kënnen och Leit, déi keen Internetuschloss hunn, am Ministère uruffen, fir sech unzemellen. An den Accueil-Strukture gëtt de Biergerpakt ganz geziilt de Refugiéë virgestallt, esou de Minister Max Hahn. Well et besonnesch Leit, déi nei am Land sinn, kann hëllefen, fir um ëffentleche Liewen zu Lëtzebuerg deelzehuelen an natierlech fir d’Sprooch ze léieren, präziséiert de Familljeminister.
Bis ewell hu sech 6.400 Leit ugemellt, dorënner sinn eng 200 Demandeurs de Protection internationale. Ongeféier d’Hallschent vun all de Leit, déi ugemellt sinn, hunn och schonn aktiv un Offere vum Biergerpakt deelgeholl. Wien zwee Joer laang u guer kenger Aktivitéit oder Online-Formatioun deel hëlt, gëtt aus dem Listing erausgeholl, erkläert de Minister, fir keng falsch Statistiken ze hunn. De Biergerpakt géing just fonctionéieren, wann d’Leit och effektiv matmaachen. Dofir lancéiert de Ministère dëse Mount eng grouss ugeluechte Campagne, fir d’Offer méi bekannt ze maachen.
Wisou fir de Collage vun der Campagne KI benotzt gouf, huet dann eng Journalistin ugemierkt a gefrot. Dat wier einfach e Choix gewiescht, huet et vum Ministère geheescht, fir net just eng Plaz vu Lëtzebuerg ze weisen, mee eng méi grouss Diversitéit.
D’Villfalt vum Grand-Duché, dat wëll de Biergerpakt zentraliséiert an einfach ubidden. Eng fest Zuel, déi ee sech als Zil setzt, fir de Succès ze moossen, hätt een net, esou nach de Minister. Et géing een éischter dorop setzen, dass d’Leit d’Offer notzen, vun hirer Erfarung weiderzielen an doduerch ënnerschiddlech Persoune bei den Aktivitéiten zesummefannen.
An déi rezent Offere schéngen och gutt besicht. Fir d’Visite am Musée des Mines hu sech bis ewell eng 25 Leit ugemellt. 31 kënnen der am Ganze matmaachen, esou d’Direktesch Raffaella Campobasso. Et wier ee gespaant ob d’Leit sech wäerten zesummefannen an et soll och net just bei enger Féierung bleiwen.