"Schockéiert"Choix vun de Wierder vum Hesper Deputé-Maire wier däitlechen No-Go

RTL Lëtzebuerg
D'Stëmmung an der Gemeng Hesper ass net gutt. Do gëtt et jo eng disziplinaresch Affär géint e Gemenge-Fonctionnaire.

Déi suergt schonn zënter enger Zäit fir Problemer tëschent der Majoritéit an der Oppositioun.

De Conseiller vun déi Gréng, de Stephen de Ron an den LSAP-Conseiller Mathis Godefroid soen am Interview mat RTL, si wiere schockéiert iwwert d’Mail vum Buergermeeschter Marc Lies.

Choix vu Wierder vum Hesper Deputé-Maire däitlechen No-Go / Rep. Dany Rasqué

Hien hat an enger interner Mail un d’CSV-Sektioun, de Stephen de Ron als “Kallef” bezeechent, dee “labert a faselt”, datt et op keng Kouhaut méi géing goen. Iwwert de Mathis Godefroid stoung an deem selwechte Mail de Conseiller géif gutt an eng Partei passen, déi “Profilneuros” heescht.

Fir den Affekot Stephen de Ron ass de Choix vun deene Wierder en däitlechen No-Go, wéi hien am Interview mat RTL seet.

Déi Wierder kéint een zwar an enger interner Mail u seng Parteikolleege benotzen, mä dat wier onprofessionell, respektlos an enger ëffentlecher Funktioun vun engem Député-Maire onwierdeg.

Wien op esou eng Manéier iwwert e politesche Géigner géif schwätzen, géif net nëmme weisen, datt ee säi Stil misst a Fro stellen, mä och datt ee sachlech Diskussiounen als keng Erausfuerderung geséich.

De Stephen de Ron seet, hie géif déi geziilt Diffamatioun an där Mail schlëmm fannen. Ze behaapten, datt hien géint e “huis clos” verstouss hätt a geheim Informatiounen an Dokumenter mat der Press gedeelt hätt, dat wier einfach eng Ligen, eng falsch Beschëllegung an eng bewosst Diffamatioun.

Hien ënnersträicht, datt seng berufflech Integritéit säi Kapital wier, als Politiker an als Affekot. Wie géif probéieren, dee Ruff mat falschen Accusatiounen ze schiedegen, misst dofir Verantwortung iwwerhuelen. Hie géif sech vum Buergermeeschter Marc Lies op d’mannst eng Entschëllegung erwaarden.

Marc Lies:"Wording hätt kënnen anescht sinn”

Op Nofro seet den CSV-Deputé-Maire, datt hien extreem opgewullt gewiescht wier, well “déi zwee Hären vun der Oppositioun” faktesch falsch léichen an d’Wourecht net géife soen. De Marc Lies ënnersträicht anengems, datt hien sech net ëffentlech artikuléiert hätt.

Hien hätt d’Mail vum Wording hier anescht kënnen duerstellen, mä him wier et ëm de Contenu gaangen. Hien hätt d’Leit aus der Sektioun wéilten informéieren an de Parteimembere soen, datt déi aner Woch am Gemengerot faktebaséiert géif diskutéiert ginn an net op Basis vun Alternative Fakten wéi déi “zwee Hären” dat géife maachen.

Hien hätt ëffentlech keen diffaméiert, dat géif hien net maachen an hätt dat och nach ni gemaach. Par Conter géif et zënter 7 Méint e Mobbing géint hien, seng Famill an eng ganz Verwaltung ginn.

Datt dës Mail iwwerhaapt an der Ëffentlechkeet gelant wier, wier bedauerlech an et wier elo um Comité vun der Sektioun déi Saach ze klären. Natierlech géif elo keen de Fanger ausstrecken a soen, hie wier et gewiescht. Dat géif intern diskutéiert a kommentéiert ginn.

Den Deputé-Maire Marc Lies hat jo annoncéiert, eng politesch Paus ze maachen, dat wiere genee 29 Schaffdeeg gewiescht an déi Paus wier “praktesch fir d’Kaz” gewiescht.

Dës Woch hätt hien erëm op der Gemeng ugefaangen an an den nächsten Deeg wier hien och erëm op anere Plazen ze gesinn. Hien hätt a senger Auszäit wéilten zur Rou kommen, mä dat wier him leider net erlaabt ginn, esou de Marc Lies.

Fir déi zweete Kéier bannent 7 Méint wiere geheim Dokumenter aus engem “Huis clos” erausgaangen. Donieft wier hie selwer vum Här de Ron ëffentlech diffaméiert ginn an engem Post vum 21. Juli an de soziale Medien. Bis elo hätt hien dat ni ëffentlech gemaach an sech ni dozou positionéiert.

Méi iwwert dee ganze Sträit um Freideg de Moien um 7.40 Auer um Radio.

Back to Top
CIM LOGO