Adem melltChômagetaux am Februar op 5,6% geklommen
De Chômagetaux ass de leschte Mount nees geklommen an zwar op 5,6%. De Mount virdru louch den Taux nach bei 5,5% a virun engem Joer bei 4,8%.
Enn Februar waren 18.166 Leit bei der Adem ageschriwwen. Op ee Joer gekuckt sinn dat der 2.500 méi, esou d’Agence fir den Emploi e Mëttwoch de Moien.