
E Plus vun iwwer 1.000 Demandeure waren Ufank dëst Joer beim Aarbechtsamt ageschriwwen. Iwwert e Joer gekuckt goufen et am leschte Mount 6 Prozent manner fräi Poste bei der Adem. E Réckgang, dee virun allem d’Beruffer vun der Comptabilitéit, der Informatik an de Banke betrëfft.
Enn Januar krute ronn 11.900 Leit Chômage ausbezuelt, wat eng Hausse vun 8.4 Prozent géintiwwer dem selwechte Mount zejoert ass. Ronn 4.300 Persoune waren an enger Beschäftegungsmesure - e Chiffer, dee stabel bliwwen ass.
