Carole Thoma um Neijoerschpatt vun Déi Lénk"Chrëschtlech Wäerter vun CSV zesumme mat Caritas ënnert dem Hutt verschwonnen"

Dany Rasqué
Anne Wolff
Dat soten déi Lénk ënner anerem um Mëttwochowend op hirem Neijoerschpatt am Sang a Klang am Pafendall, wou et vill Kritik a Richtung Regierung gouf.
Neijoerschpatt vun déi Lénk
Däitlech Kriticke goufen a Richtung vun der Regierung ënnert dem Premier Luc Frieden formuléiert.

“Ënnert dem CEO Frieden ass den Numm vu senger Partei an 3 Buschtawen zerfall, déi näischt méi aussoen.” Déi chrëschtlech Wäerter vun der CSV, esou d’Spriecherin Carole Thoma, wieren zesumme mat der Caritas ënnert dem Hutt verschwonnen.

Déi sozial Wäerter géif ee scho méi laang vermëssen, déi wiere spéitstens wärend der degueulasser Diskussioun iwwert d’Verbuet vun der Heescherei begruewen ginn. De «V» fir d’Vollekspartei, déi bis elo fir vill Stëbs gesuergt hätt, hätt sech de wierklechen Defie vun de Leit nach guer net ugeholl.

Déi Lénk hunn op den Aarmutsrisiko higewisen, dee bei iwwer 21 Prozent läit a fir d’Kanner esouguer bei 26 Prozent. D’Partei huet drun erënnert, datt d’EU-Kommissioun Lëtzebuerg dowéinst am Kader vum Semestre européen eng éischte Kéier ënner Surveillance gesat huet.

D’Pensioune waren natierlech och e Sujet an der Ried vun der Carole Thoma. A kenger Gesellschaftsschicht wier den Aarmutsrisiko an de leschte Joren esou explodéiert wéi bei de Pensionären. Lëtzebuerg bräicht also dréngend eng Pensiounsreform, allerdéngs eng déi dofir suergt, datt jiddereen am Alter anstänneg liewe kann. Déi Lénk zweiwelt awer drun, datt dat déi Reform ass, déi sech d’CSV-DP Koalitioun virstellt. Mat hinne wier awer keng aner méiglech.

Am Beräich vum Logement huet déi Lénk ënnerstrach, datt et mat dëser Regierung op d’mannst 10 Joer zeréck geet. Et géif nees reng op de Privatmarché gesat an de Staat wier am Fong just do fir de Promoteuren a groussen Investisseuren Steierkaddoen ze maachen.

Wat d’Klimapolitik ugeet, stellt déi Lénk fest, datt d’Klimapolitik, déi anscheinend genervt huet, sech zu enger Politik entwéckelt hätt, déi net méi existéiert. D’Partei freet sech ob schonn iwwerhaapt een dem Serge Wilmes gesot huet, dass hien am Fong Minister ass.

Den Aarbechtsminister Georges Mischo par conter wier “méi chaud”. Hien hätt et fäerdeg bruecht, bannent kierzter Zäit sozial Acquisen, déi iwwer Joren erkämpft goufen, a Fro ze stellen. Besonnesch kritiséiert gouf och d’Verallgemengerung vun der Sonndesaarbecht. D’Regierung hätt bannent just engem Joer de Sozialdialog begruewen a versprécht de Gewerkschafte mat op d’Barrikaden ze goen.

Da goung et awer och ëm d’Ofdreiwung. Déi Lénk hunn eng Propositioun an der Chamber agereecht fir d’Recht op Ofdreiwung an der Verfassung ze verankeren. Et misst een dofir suergen, datt d’Mënscherechter ofgeséchert sinn, soulaang déi néideg Kräfteverhältnisser nach bestinn. Et wier offensichtlech, dass demokratiefeindlech, Fraen- a Queerfeindlech a rassistesch Kräften ëmmer méi gestäerkt ginn.

Virun allem well déi politesch Mëtt keng credibel äntwert op de Rietspopulismus hätt. D’Carole Thoma huet als Spriecherin vun déi Lénk ënnerstrach, datt hir Partei keng aus der Mëtt ass an och keng fir jiddereen. Si wier net do fir déi Räich, déi net bereet wieren e Stéck vun hirem Kuch un d’Allgemengheet zeréck ze ginn a ganz sécher och net fir déi Riets, déi just drop aus wiere fir d’Gesellschaft ze splécken.

Déi Lénk géif och dëst Joer weider dofir kämpfen, datt déi Éischt trotzdeem en Deel zu enger méi gerechter Gesellschaft bäidroen an déi Zweet nimools méi iergendeppes ze soe kréien.

Back to Top
CIM LOGO