
D’Juristin, déi op EU-Recht spezialiséiert ass, huet bis ewell am Wirtschaftsministère geschafft. Net si selwer, mä de Prozess, ewéi den Direktesch-Poste bei der ALIA vergi gouf, hat fir vill Kritik an Onroue gesuergt, déi en Donneschdeg an der Mediekommissioun an der Chamber ëffentlech nach eemol Thema waren. Déi zoustänneg Ministesch Elisabeth Margue war fir Explikatiounen do.
De President vum Verwaltungsrot vun der ALIA, den Thierry Hoscheit, hat uganks dës Mounts säi Récktrëtt annoncéiert. An engem véier Säite laange Bréif hat hien ënnert anerem schaarf kritiséiert, wéi déi nei ALIA-Direktesch rekrutéiert gouf. Nämlech net ewéi soss direkt vum Verwaltungsrot. D’Kandidatinnen a Kandidate ware vun engem Comité – zesummegesat aus Fonctionnairen awer och onofhängege Persounen zum Beispill eng vum Presserot – preselektionéiert ginn. D’Medieministesch Elisabeth Margue:
“De comité de sélection – ech vertrauen deem zu honnert Prozent – huet eng Preselektioun gemaach. A véier Interviewen huet en eng Rei Froe gestallt an doropshin eng Conclusioun gezunn.”
Fir d’Ministesch ass et e Progrès: eng kloer Trennung vun de Pouvoire bannent der ALIA. Kritik gouf et vun déi Gréng, der LSAP an déi Lénk. Den David Wagner vun déi Lénk:
“Ech gesinn dat net esou, dass den Direkter onofhängeg wär vum Verwaltungsrot vun der ALIA. Dat ass schonn eng speziell Approche.”
Der Francine Closener vun der LSAP no bestéing elo de Risiko, dass d’Directrice als verlängerten Aarm vun der Regierung géif gëllen. An hir Parteikolleegin Paulette Lenert sot:
“Wann am Gesetz steet, dass d’Kandidaturen – am Pluriel – un de Conseil ginn, fannen ech et gewot, déi Preselektioun eranzeginn. Dat riskéiert e Prozedurfeeler ze ginn, wou een dat ganzt a Fro stellt bei esou enger wichteger Institutioun.”
D’Ministesch hätt sech dach un d’Gesetz gehalen, betount den CSV-Deputéierte Laurent Zeimet.
“Ech hu mech déi ganzen Zäite gefrot, iwwer wat mir genee géifen diskutéieren hei. Ech stelle just fest: d’ALIA ass mam Prozess a mat der Decisioun zefridden. Dat huet d’ALIA an engem offizielle Communiqué, wou och ALIA dropsteet, matgedeelt. Dat muss een awer och nach eng Kéier notéieren.”
A Reunioune mam aktuellen Direkter Paul Lorenz, dem President Thierry Hoscheit, an duerno deenen anere véier Membere vum Verwaltungsrot wéilt d’Elisabteh Margue de Wee fir eng Reform vun der ALIA preparéieren. Dofir fënnt d’Ministesch:
“D’ALIA ass a sou engem kruziale Moment. Mir sinn amgaange se ze reforméieren a mir diskutéieren, wéi eng Missiounen d’ALIA an den nächste Joren nach soll kréien, dass mir all Interêt hunn, dass et en Direkter ass, deen zu honnert Prozent passt an deen eng breet Zoustëmmung huet.”
Un der Kompetenz vun der neier ALIA-Direktesch Cindy Bauwens huet keen Deputéierte gezweiwelt. D’Explikatioune vun der Medieministesch hunn LSAP, déi Lénk an déi Gréng awer net zefridde gestëmmt.