1,9 Milliounen Euro fir de Science Center?Claude Meisch: "Déi Thematik ass op jidde Fall vum Dësch"

RTL Lëtzebuerg
Den Educatiounsministère hat d'Konventioun mam Science Center d'lescht Joer wéinst de Gouvernance-Problemer gekënnegt a reagéiert op den neie KPMG-Rapport.

“Déi Thematik ass op jidde Fall vum Dësch.” Den Educatiounsminister Claude Meisch mellt sech en Dënschdeg de Mëtteg am Dossier Science Center zu Wuert, nodeems RTL moies gemellt hat, KPMG hätt an hirem Audit net kënne confirméieren, datt Rechnunge fir ronn 1,9 Milliounen Euro, déi de Grënner a President vum Science Center, Nicolas Didier, mat senger privater Firma GGM11 un d’ASBL Science Center ausgestallt hat, richteg wieren.

De Claude Meisch sot, den Audit géing kloer weisen, datt et do net méi zu berechtegte Fuerderunge kéint kommen.

De Claude Meisch iwwer de Science Center (1)

Doriwwer eraus sot de Claude Meisch, de Science Center hätt nach d’nächst Woch Zäit, déi aner Konditioune vun der Regierung en vue vu weidere Subventioune fir d’ASBL ze erfëllen. Dozou gehéiert och, datt d’Aktivitéiten an d’Mataarbechter vun der Privatfirma an d’ASBL Science Center integréiert ginn. Den Educatiounsminister sot, et géif een de Financement vun de Mataarbechter iwwerhuelen, mee et géif keng Berechtegung, fir eng Finanzéierung vun der Entreprise ze iwwerhuelen.

De Claude Meisch iwwer de Science Center (2)

Zu Déifferdeng hat en Dënschdeg de Mëtteg ëm 15:30 Auer eng Assemblée générale vum Science Center ugefaangen. Do sollten ënnert anerem déi vum Staat gefuerdert Statutenännerunge gestëmmt ginn, fir dem Nicolas Didier säin Interessekonflikt ze léisen. D’Press huet do net duerfen nolauschteren.

Den neie Moment an der laanger Geschicht

D’Auditgesellschaft KPMG huet d’lescht Woch hiren definitive Rapport iwwert den Déifferdenger Science Center an d’Privatgesellschaft GGM11 vum Nicolas Didier, dem President vum Science Center, virgeluecht. Dodra geet et ënnert anerem ëm d’Montanten, déi den Nicolas Didier der staatlech subventionéierter ASBL Science Center fir dee vun him geplangten Ausbau facturéiert hat.

RTL-Informatiounen no ka KMPG no der Kontroll vun de Bicher net confirméieren, datt d’Stonnen, déi de Nicolas Didier verrechent huet, reell an tangibel wieren. Et geet ëm Facturen am Wäert vun 1,9 Milliounen Euro. D’Inspection Générale des Finances (IGF) vum Finanzministère hat schonn an hirem Audit d’lescht Joer festgehalen, datt et kee formellen Optrag vum Educatiounsministère un de Science Center gouf, fir deen Ausbau ze plangen. Deemno gëtt et och kee finanziellt Engagement vum Ministère vis-à-vis vun der ASBL, fir d’Käschte fir esou en Ausbau z’iwwerhuelen.

En Dënschdeg de Mëtten war eng Assemblée Générale vun der ASBL Science Center. Do sollten d’Statute geännert an e Règlement d’ordre intérieur ugeholl ginn, fir datt de Science Center den Oploe vum Educatiounsministère en vue vun neie Subventiounen nokënnt. De Ministère huet och an deenen nächsten Deeg eng Entrevue mam Verwaltungsrot vum Science Center, fir iwwer weider Schrëtt ze diskutéieren.

De Ministère hat d’Konventioun mam Science Center d’lescht Joer wéinst de Gouvernance-Probleemer gekënnegt. Den Nicolas Didier hat als President vun der staatlech subventionéierter ASBL Opträg u seng Privatfirma GGM11 verdeelt, ouni datt dës a Konkurrenz gesat gouf. Déi Firma hat och méintelaang keng gülteg Autorisatioun, fir déi Opträg z’erfëllen. Dowéinst war den Nicolas Didier de leschten Hierscht zu enger Geldstrof verurteelt ginn. De Parquet enquêtéiert och nach wéinst der Denonciatioun, déi d’IGF no hirem Audit gemaach hat.

Froen an Äntwerten zu der Affär Science Center vum Michèle Sinner

D’Aussoe vu KPMG, wat bedeite se?

KPMG seet also, datt si d’"Realitéit” an d’"Tangibilitéit” vun deene verrechente Stonnen net confirméiere kënnen. Dëst bedeit an einfache Wierder, datt verschidde Stonne verrechent goufen, ouni datt et eng Preuve gëtt, datt se geschafft goufen.

Public ass den Audit aktuell net, dowéinst ass et och schwéier, dat genee nozeliesen. Aus dem Educatiounsministère heescht et, datt een, elo wou een déi definitiv Versioun huet, nach Reuniounen déi nächste Woch wëll ofwaarden, éier ee sech dozou äussert. Déi lescht Woch gouf awer schonn ugedeit, datt et Zweiwel ginn, datt verschidde Rechnungen ze bezuele wieren.

Datt de KPMG-Audit elo net public gëtt, dat gëtt dem Nicolas Didier natierlech Deckung, well bis de 17. Juli huet de Science Center Zäit, fir de Protokoll d’Entente mam Educatiounsministère ëmzesetzen. Dofir sinn elo all dës Reuniounen, well dee Protokoll eebe virgesäit, datt d’Verwaltungsrotsmembere net däerfen Direkter sinn an dofir eng Pai kréien, sou wéi den Nicolas Didier dat gemaach huet. An och net fir Geld Servicer prestéieren, sou wéi den Nicolas Didier dat gemaach huet.

Am Resumé bedeit dat, datt den Nicolas Didier entweder Direkter oder Member am Verwaltungsrot kéint sinn.

Behält den Nicolas Didier Verantwortung am Science Center?

Eng Méiglechkeet, déi um Enn vun dëse Reunioune mam Ministère besteet, ass, datt den Nicolas Didier op déi eng oder aner Manéier Verantwortung am Science Center behält. Ob et wierklech opportun ass, datt de Staat engem Mann Suen an de Grapp gëtt, dee méiglecherweis fiktiv Stonne verrechent huet, fir Servicer, fir déi hie keen Optrag a keng valabel Autorisatioun hat, déi Fro muss ee sech an dësem Fall kënne stellen. Do wier et dann egal, ob hien de Posten als Direkter oder President hätt.

Dëst ass nach méi komplex, well schonn dräi Mol schwaarz op wäiss attestéiert gouf, datt d’Compta vum Science Center net klappt. Eng Kéier sot dat de Reviseur, eng weider Kéier d’IGF an elo och d’KPMG. “Ech hätt alt geduecht, domat hätt ee sech als Féierungspersoun disqualifizéiert, fir mat staatleche Suen ëmzegoen”, esou de Constat vum Michèle Sinner.

Science-Center: Eng privat Initiativ?

An engem Interview aus dem Abrëll 2023 huet den Nicolas Didier dëst esou behaapt. An awer steet am Protokoll, datt, wann de Staat dem Zenter op Optrag gëtt, dierf dësen dat net u Sous-Traitante weiderginn. Also dierf den Nicolas Didier senger Firma keng Opträg méi ginn. Alternativ wier et awer méiglech, datt de Science Center d’Mataarbechter vun der Firma vum Nicolas Didier iwwerhëlt oder direkt déi ganz Entreprise, wat awer bis elo net geschitt ass.

D’Sue si souwisou e ganz schwieregt Thema an dësem komplizéierten Dossier. Esou mengt den Nicolas Didier, datt hie Suen ze gutt hätt. An engem weideren Extrait ass et ëm d’Pai vum Nicolas Didier gaangen, déi bei ronn 15.000 Euro de Mount läit. Do ass den Nicolas Didier der Meenung, datt “wann een 2,4 Milliounen Euro an e Projet erastécht, a wann een da kuckt, [...] dat wär esou e grousse Salaire, a wann een dann déi Salairen ofzitt, da sinn ech nach ëmmer en Net-Investisseur an deem Projet.”

D’IGF hat dat awer anescht gesinn. Hinnen no hätt hie sech esou vill Salairen accordéiert, datt hie méi erausgeholl hätt, wéi investéiert. A wann hien och nach gären déi Rechnunge mat den net “net tangible” Stonne wéilt bezuelt hunn, respektiv déi Salairen, déi nach net ausbezuelt goufen, da wier dat Beräicherung. Et wier éischter esou, datt hie vis-à-vis vu senger Firma an der ASBL eng 730.000 Euro Scholden hätt, esou d’IGF.

Wéi eng Alternative ginn et, fir de Science Center an d’Aarbechtsplazen ze retten?

Eng Alternativ ass et, esou weider ze fueren, wéi bis ewell. Awer och kéint een aus dem Zenter en Etablissement public maachen, respektiv eng nei ASBL ouni den Nicolas Didier grënnen.

Back to Top
CIM LOGO