WuermerClaude Pundel gëtt neie Buergermeeschter

RTL Lëtzebuerg
Nom Doud vum Max Hengel hu sech e Mëttwoch den Owend Vertrieder vun den zwee politesche Gruppementer getraff, fir iwwer d'Nofolleg ze schwätzen.
De Claude Pundel gëtt Nofollger vum verstuerwene Max Hengel.
De Claude Pundel gëtt Nofollger vum verstuerwene Max Hengel.
© wormeldange.lu

No de leschte Walen hat déi CSV-no “Är Equipe fir d’Wormer Gemeen” mat sechs Vertrieder d’Majoritéit am Gemengerot kritt, vun der éischter DP-noer Gruppéierung “Zesummen, fir is Gemeen” ware fënnef Vertrieder an de Conseil gewielt ginn.

Well d’Resultat esou enk war an am Sënn vun enger gudder Zesummenaarbecht hat ee sech drop gëeenegt, datt “Är Equipe” mam Max Hengel de Buergermeeschter a mam Claude Pundel ee Schäffe stellt an “Zesummen” mam Mathis Ast deen anere Schäffeposten iwwerhëlt.

Nom Doud vum Max Hengel am August huet ee sech an der Rieslingsgemeen musse politesch nei organiséieren. Dat sollt nom “Riesling Open” gemaach ginn an ass dann och e Mëttwoch den Owend geschitt: Deemno soll de Claude Pundel Buergermeeschter ginn an de Pierre Adam seng Schäffeplaz iwwerhuelen, iwwerdeems de Mathis Ast vun “Zesummen” géif Schäffe bleiwen.

Fir “Är Equipe” war de 16. September ewell de Félix Schaeler an de Gemengerot nogeréckelt. Den Nächstgewielte Victor Cordeiro Marques hat verzicht.

Am Conseil en nächste Méindeg sollen dës Decisioune validéiert an dono dann och offiziell matgedeelt ginn.

Back to Top
CIM LOGO