Invité vun der Redaktioun (29. Mee) - Claude SeywertInvestissementer gi méi deier, de Stroum awer net

François Aulner
E Freideg de Moie waren ënnert anerem d'Stroumpräisser Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Claude Seywert
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D'Stroumpräisser sinn dëst Joer méi niddreg ewéi d'Joer virdrun an et gëtt absolut kee Grond, fir se an d'Luucht ze setzen. Den Direkter vum Grupp Encevo, de Claude Seywert ass e Freideg de Moien hei op RTL bei sengen Aussoe vu virun zwou Woche bliwwen. Hien huet nach emol erkläert: Den US-israeelesche Krich am Iran an d'Fermeture vun der Mieresstrooss vun Hormus géing de Pëtrol concernéieren. Kuerzfristeg wieren d'Stroumpräisser um Marché schonn an d'Luucht gaangen, mee Enovos, d'Duechtergesellschaft vum Grupp, huet eng mëttel- a laangfristeg Akafsstrategie, sou de Claude Seywert. Et wier eng Aschätzung an e gewësse Risiko zugläich – eng "Gradwanderung" - an dowéinst géing ee "lues a lues" akafen a Funktioun vum Verbrauch. Wann een ze vill keeft, géing ee riskéieren, et duerno musse mat Verloscht erëm ze verkafen.

Fir 2026 hätt een "am wesentlechen alles akaaft", wat gebraucht wier a fir 2027 "scho ganz vill". Dofir wier ee bei Encevo och zouversiichtlech, datt d'nächst Joer näischt Gréisseres kéim. Op jidder Fall wat de "résidentiel" ugeet. Fir d'Industrie wier et eng aner Geschicht, well déi dacks an engem kuerzfristege "Spot-Marché" operéiere géingen.

Wat de Gas ubelaangt, war de Claude Seywert e bësse méi virsiichteg ewéi beim Stroum, well een nach net "alles" fir 2027 kaf hätt. Den Direkter vum Encevo sot "jo", duerch de russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain zanter 2022 wier de Gaspräis strukturell méi deier ginn. Zeréck an d'Vergaangenheet wier schwiereg, well dem Claude Seywert no Russland antëscht grouss Deeler vu sengem Gas an Asien exportéiert an déi nees misst detournéieren. Um Enn eng politesch Decisioun vun der europäescher Unioun.

Tripartite: Keng falsch Ureizer schafen

Politesch Entscheedunge stinn hei am Land op der Tripartite an d'Haus. D'Patronat fuerdert, datt d'Inflatioun gebremst gëtt, ma den Direkter vun Encevo sot, datt et net de Stroum an de Gas wieren, déi haut d'Präisser an d'Luucht dreiwe géingen. Encevo kéint net vill maachen, mee wann de Staat dat wéilt, da géing een dat ëmsetzen. De Staat bedeelegt sech och scho fir op d'mannst nach 3 Joer zu 150 Milliounen Euro un den Netzkäschten.

De Claude Seywert huet betount, datt wa Mesurë geholl ginn, een oppasst, datt ee keng falsch "Incentives" – also Ureizer – schaaft. Et misst weider dekarboniséiert ginn. Manner op fossil Energien a méi op de Stroum gesat ginn. Duerch déi erneierbar Energie, déi een elo hätt, misst ee weider Flexibilitéit fërderen, fir datt ee méi spuersam wier, respektiv säi Verhalen upasst.

Hien huet d'Beispill vun enger neier Offer vun der Creos genannt – den Naturstroum Drive fir méi bëlleg Energie fir Elektroautoen -, wou ee festgestallt hätt, datt d'Clienten, déi deen Tarif geholl hunn, tatsächlech hire Verbrauch ëm bal d'Hallschent op Stonne geluecht hunn, wou de Stroum méi bëlleg ass, well an deene Stonne manner verbraucht gëtt.

Dividende versus Invest

D'Stroumpräisser ginn also net erop, mee d'Investissementer gi méi deier: de Claude Seywert huet confirméiert, datt d'Ekonomie duerch d'Präishausse vum Pëtrol an enger Kris ass, well d'Ekonomie nach ëmmer vill vum Pëtrol ofhänkt. Bei Encevo géing een dat bei de Produite gesinn, déi gebraucht ginn, fir de Reseau oder fir d'erneierbar Energien auszebauen.

Virun zwou Wochen huet Encevo bei der Presentatioun vun de Joreszuelen ugekënnegt, datt de Grupp manner Dividende géing ausschëdden, fir méi kënnen an de Reseau z'investéieren – iwwregens eng interessant Informatioun nees am Zesummenhang mat der Tripartite. Vun 300 Milliounen Euro dëst Joer soll ee fir déi nächst 3 Joer op 1,5 bis 1,8 Milliard kommen. Geet dat duer, wann d'Populatioun op 1 Millioun géing wuessen an aktuell de Pëtrol nach 60 Prozent vum gesamten Energieverbrauch ausmécht? "Mir wäerten als Lëtzebuerg a mengen Aen ni autonom ginn", esou den Direkter vun Encevo.

Et géing een natierlech méi Stroum, mee warscheinlech och Hydrogen importéieren an dowéinst géingen d'Leitunge mam Ausland ausgebaut ginn. Et bräicht een och eege Produktioune vun erneierbarer Energie a Späicherkapazitéiten, mee wéinst der klenger Fläch vum Land géing et senger Meenung no net Sënn maachen, autonom ze ginn. Op d'Fro, ob de Grand-Duché dann net iwwert seng Verhältnisser fonctionéiere géing, huet de Claude Seywert geäntwert: "Ma déi aner Länner och." Och wann Däitschland a Frankräich sech theoretesch kéinte "selwer ausbalancéieren", esou wier dat och ekonomesch gesinn net déi sënnvollste Léisung. Dofir wieren d'Bestriewungen déi, den europäeschen Energiemarché auszebauen.

Invité vun der Redaktioun: Claude Seywert

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO