OmbudsmanClaudine Konsbruck iwwerhëlt Enn Abrëll vum Claudia Monti

RTL Lëtzebuerg
Dat huet d'Chamber en Dënschdeg esou decidéiert. Hiert Mandat dauert 8 Joer a kann net verlängert ginn.
© Chambre des députés

D’CSV-Politikerin Claudine Konsbruck schafft aktuell am Justizministère, si war 2018 kuerz Deputéiert a souz 12 Joer laang am Stater Gemengerot. Aktuell ass si ënnert anerem Member am Verwaltungsrot vun der ASBL “Hëllef um Terrain” (HUT).

Et gouf nach zwou aner Kandidature fir dee Posten. Dat vun der aktueller Direktesch vun der Nationaler Dateschutz-Kommissioun Tine Larsen a vum aktuellen Direkter vum Centre de Médiation Civile et Commerciale Jan Kayser.

Den Ombudsman gëtt mat enger Zwee-Drëttel-Majoritéit an engem anonymme Vott gewielt. De Poste vum Ombudsman gëtt et zanter 2004.

D’Claudia Monti hat beim Iwwerhuele vum Poste gefrot, si als “Ombudsman” an net als “Ombudsfra” ze tituléieren.

Back to Top
CIM LOGO