
Dat ass d’Zil vum Club Haus op der Heed. Dëst Joer feiert een de 25. Gebuertsdag, domadder ass d’Club Haus op der Heed déi eelsten Associatioun vun där Zort am Grand-Duché. Mir ware bis op Hëpperdang, fir ze wënschen.
Dat ass awer nawell guer net sou evident, well dee geneeën Dag vun der Gebuert kennt ee beim Club Haus op der Heed selwer net. Kloer ass awer, datt Ufank vun Joer 1999 d’Konventioun mam Familljeministère ënnerschriwwe gouf. Dat éischt Club Haus huet zu Hëpperdang seng Dieren opgemaach. Gebuer gouf d’Iddi virum Hannergrond vun der Aféierung vun der Fleegeversécherung, wéi d’Direktiounsbeoptraagt Tania Draut erkläert.

“Eis ASBL huet deemools hei zu Hëpperdang schonn ee Foyer geréiert. Dunn ass gesot ginn, mir wëllen dat trennen, datt mer eng Kéier eppes maache fir déi Leit, déi méi fit sinn an d’Leit, déi d’Fleegeversécherung hunn, kréien een eenzelt Angebot an dunn ass dat getrennt ginn. An du kéim d’Iddi vum Club, wat deemools Club senior genannt ginn ass, an do sollten dann Aktivitéiten ugebuede ginn, fir Leit, déi fit sinn an déi awer schonn ee gewëssen Alter hunn, dat war deemools ab 50. Deen alleréischte Club war deen hei zu Hëpperdang an als nächst koum dunn deen zu Bäreldeng am Becheler.”
Mëttlerweil ginn et aacht Clibb queesch uechter d’Land. D’Altersaschränkung besteet net méi, ma am Schnëtt sinn d’Leit, déi un den Aktivitéiten deelhuelen, awer 57 Joer al. Thematesch huet ee sech iwwerdeems méi breet opgestallt. Goung et am Ufank haaptsächlech ëm d’Gesondheet, si mëttlerweil och d’Beräicher Kultur, Soziales a Bildung dobäi komm. Dat hätt souwuel domadder ze doen, datt ëmmer méi Leit bäikomme wieren a sech am Laf vun der Zäit d’Interesse vun de Membere geännert hätten. Fënnef Leit schaffe fest fir d’Club Haus op der Heed. D’lescht Joer goufen 185 verschidden Aktivitéiten organiséiert, 10.704 Presenze goufen notéiert. Well awer eng Partie Leit u méi Aktivitéiten deelhuelen, ass d’Zuel vun de Participanten méi niddreg. Trotzdeem natierlech ze vill Aarbecht, fir datt fënnef Leit se eleng maache kéinten.
“De Gros vun de Course gëtt vun externe Chargé-de-coursë gehalen. Dat heescht, dat sinn entweder Sportstrainer, Sproochecoursë maachen natierlech Leit, déi Formateur sinn an deem Beräich. Wa mer Konferenzen organiséieren, siche mer eis extern Experten, déi da kommen. Dat sinn oft Leit vun aneren ASBLen oder aus iergendwelleche Beräicher wou déi Experten ebe sinn, déi dann dann deelweis och gratis kënne maachen. Traineren oder sou do muss de dann éischter kucken, wéis de dat finanzéiert.”
Fir esou Aktivitéite mussen d’Participanten da bezuelen, woubäi d’Zomm vum Opwand respektiv der Paie vum Trainer ofhänkt. Sollt eng Persoun sech dat net leeschte kënnen, kritt dës gehollef, zum Beispill an Zesummenaarbecht mat den Offices sociaux. Ee Beräich an deem d’Club Haus op der Heed besonnesch aktiv ass, ass dee vun der digitaler Inclusioun. Fir ee Projet krut een 2022 esouguer zesumme mat fënnef aneren Associatiounen de Prix d’inclusion numérique.
“Mir haten eng Kéier deen Deel wou s de sees, du kriss däin Tablett an du fänks quasi bei Null un, also wierklech déi Leit, déi keng Kenntnisser haten. An deen aneren Deel, dat waren der wierklech, déi scho Geräter haten an do nach eng Kéier méi wollte wëssen a méi Froen haten. Wat do dat Neit oder Innovatiivt war, dat war wierklech, datt et Eent zu Eent Betreiung war a bei de Leit doheem. Dat heescht mir si wierklech heem gefuer an da konnt do jiddereen dat a Rou an a sengem Rhythmus maachen.”
D’Club Haus op der Heed ass an de Gemenge Clierf, Ëlwen, Kiischpelt, Parc Housen, Pëtschent, Wäiswampech a Wëntger aktiv. Déi siwe Gemenge sinn nieft dem Familljeministère un der Finanzéierung vun der ASBL bedeelegt. Déi geografesch an demografesch Begebenheeten an der Nordspëtzt vum Land sinn allerdéngs eng Erausfuerderung.
“Wann een an engem Ballungsgebitt ass oder éierens wou Leit sech zum Beispill zu Fouss hin an hier beweegen, da sees de hei ech maache lo den Nomëtteg spontan eppes an deen, deen Zäit huet, dee kënnt dohinner. Hei muss een dat scho méi organiséieren, dat ass absolut eng Erausfuerderung. D’Leit si méi verspreet an et si manner Leit hei. Also mir hu flächeméisseg grouss Gemengen, dat heescht et fiert ee wäit Distanzen, mee et huet ee lo net onbedéngt sou vill Leit, déi do liewen. Natierlech ass och hei d’Awunnerzuel, déi zouhëlt.”
Dowéinst wier et och noutwenneg, datt een d’Offer weider ausbaut. Dono gefrot, wat si sech da fir de 25. Gebuertsdag wënscht, äntwert d’Tania Draut, datt si hofft, datt d’Wichtegkeet vun Aktivitéite fir Erwuessener an eeler Leit nach méi erkannt an hir Aarbecht nach méi wäertgeschat gëtt.
An de 7. November feiert d’Club Haus op der Heed säi 25. Gebuertsdag dann och owes mat enger Séance académique am Cube zu Maarnech.