Arrêté ministériel ënnerschriwwenCMCM kritt en neien Agrement

RTL Lëtzebuerg
D'CMCM krut en neien Agrement, dat confirméiert de Gesondheets- a Sozialministère eis op Nofro hin. 

An engem Urteel vun Ufank August war d’Verwaltungsgeriicht zur Konklusioun komm, datt de ministeriellen Agrement fir d’CMCM misst zeréckgezu ginn.

D’Associatioun vun de privaten Assurancëgesellschaften ACA war viru Geriicht gaangen, mam Argument, datt d’Mutuelle sech net un déi selwecht Spillreegele misst hale wéi d’privat Acteuren am Secteur.

D’CMCM hat eegenen Aussoen no awer scho virum Urteel d’Statute geännert an de Ministère ass elo zur Konklusioun komm, datt d’Mutuelle konform zum Mutuelle-Gesetz ass an, datt domat d’Demande fir en neien Agrement kann accordéiert ginn.

Den Arrêté ministériel wier um Freideg ënnerschriwwe ginn, heescht et aus dem Ministère.

Back to Top
CIM LOGO