
Besonnesch och um Niveau vun der Reglementatioun, déi vu Bréissel kënnt.
Fir dass sech d’PMEen erëmfannen, kënnt d’Dateschutzkommissioun CNPD de Kleng- a Mëttelbetriber elo entgéint.
Grouss Entreprisen hunn normalerweis ee Responsabele fir de ganze Volet Traitement vun den Daten. Et ass scho bal een normale Reflex, wann de Responsabele vun enger PME seet, hien hätt genuch domadder ze dinn, fir de Betrib um Rullen ze halen oder auszebauen. Laanscht d’Reegele vum Dateschutz kënnt een awer nun emol net. Et fänkt schonn domadder u wann de Client freet, wéi laang seng Donnéeë stockéiert ginn.
Et hat een als Dateschutzkommissioun am Virfeld bei iwwer 200 Entreprisen de Bols gefillt, fir hire Besoinen entgéintzekommen.
Fir dass d’Leit an de PMEen den Duerchbléck kréien an dat Ganzt net zu engem Dauerkrämpche gëtt, proposéiert d’CNPD mat hire Partner eng verdaulech, scho bal spilleresch Approche, fir dass d’Reegelwierk net eriwwerkënnt wéi d’Sprooch vu Klingonen.
De Kommissär beim Dateschutz Alain Herrmann:
“Mir wëssen, dass a ganz Europa PMEen ëmmer nach Schwieregkeeten hunn, fir sech ze konforméiere mam Dateschutz, well dat ass komplizéiert fir si. [...] Dir hutt elo grad gesot, dat ass klingonesch fir dës Leit, dat si keng Experten, keng Juristen. An dofir hu mir esou een Tool entwéckelt.”
Den Tool besteet aus 4 Modullen, gréisstendeels als eng Zort Fro-Äntwert-Spill, mat prakteschen Zousazinformatioune ronderëm.
A fir dass et nach méi verständlech eriwwerkënnt, huet een op de Lucien Czuga zeréckgegraff, fir den Tool ze illustréieren.
Detailer fënnt een op cnpd.lu