No zolitter Baisse am Joer 2022CO2-Steier an d'Accisen hunn dem Staat zejoert bal eng Milliard Euro abruecht

RTL Lëtzebuerg
Bei de Recettë vun der CO2-Steier gouf et donieft an de leschte Joren eng kontinuéierlech Hausse.
© RTL Archiv

2022 sinn d’Recetten un Accisen op Energie-Produite staark zeréckgaangen. De Grond heifir war den éischte Solidaritéitspak. Et goung vu 750 Milliounen op gutt 630 Milliounen Euro erof. Ënner anerem dëse Chiffer nennt den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes dem liberalen Deputéierte Luc Emering, dee via parlamentaresch Fro Detailer wollt wëssen zu der Evolutioun vun de Recettë vun der CO2-Steier an Accisen op Energie-Produiten.

D’Recettë bei der CO2-Steier goungen donieft an de leschte Jore kontinuéierlech erop a louchen 2024 bei gutt 258 Milliounen Euro. D’CO2-Steier an Accisen op Energie-Produiten zesummen hunn zejoert iwwerdeems eng knapp Milliard an d’Staatskeess era gespullt.

D‘Recettë vun der CO2-Steier fléissen zur Hallschent a Klimaschutzmesuren an zu där anerer a sozial Kompensatiounsmoossnamen, sou de Minister weider.

Äntwert op Parlamentaresch Fro N°1831

Back to Top
CIM LOGO