Et ass e Concours, deen d‘LSA zesumme mat der ESA, der europäescher Weltraumagence, organiséiert. Matmaache kënne Jugendlecher vun 13 Joer un, déi zu Lëtzebuerg an d‘Schoul ginn a sech notamment fir d‘Weltall an d‘Raumfaart interesséieren. Mat dësem Concours versprécht ee sech, de Kandidaten d‘Méiglechkeet ze ginn, méi iwwer d‘Raumfaart gewuer ze ginn, Talenter ze developpéieren an de Weltraumsecteur zu Lëtzebuerg ze promovéieren.
Méi iwwer de Weltraumsecteur gewuer ginn, Abléck an déi verschidden Entreprisen a Beruffsméiglechkeeten zu Lëtzebuerg a virun allem an engem Fliger déi sougenannte „Schwerelosegkeet“, wann ee guer net méi vun der Äerd ugezu gëtt, testen. Dat erwaart déi 10 Gewënner vum Concours. Bis dohin ass et awer ee wäite Wee. D’Kandidate musse virdrun änlech Tester wéi bei den Astronaute maachen, dorënner Verständnes-Tester a kierperlech Evaluatioune.
“Mir maachen elo éischtens eng Konferenz mat de Jonken an do ginn da Presentatioune gemaach, erkläert wat am Secteur lass ass, mir kënne bëssi déi national Strategie erklären, wat zu Lëtzebuerg ass, international. An da wärend dem Summer hu mir och dediéiert: Webinairen an do wäerte mir dann och méi spezifesch op verschidde Sujeten agoen. Ech géing dat elo net ee Kuer nennen, well esou strikt ass et net, et ass vill méi eng Informatioun an een Echange mat de Jonken”, erkläert de Marc Serres, CEO vun der LSA.
Ënnert anerem versprécht ee sech mam Concours, Jonker ze hunn, déi als Ambassadeuren de Lëtzebuerger Weltraumsecteur promovéieren, fir de Leit ze weisen, wat fir Opportunitéiten et an dësem Secteur ginn. Duerch de Secteur spatial versprécht ee sech eng ekonomesch Diversifikatioun. De Wirtschaftsminister Lex Delles.
“Et gesäit een, dass et ee Secteur ass, dee ganz dynamesch ass, deen op ganz ville verschiddenen Domainen ass a grad dat ass och den Interêt fir dat ze weisen. Fir dat Jonken ze weisen, fir dass se gesinn: wat ass iwwerhaapt de Weltraumsecteur hei zu Lëtzebuerg? Fir se ze sensibiliséieren, wéi eng verschidden Aarbechtsplazen et do gëtt, dass ee ka verschidde Studiegäng maachen, fir an dem Secteur kënnen ze schaffen.”
De Mats Jung huet virun zwee Joer de Concours gewonnen. Fir hie war et een Erliefnis, dat hien ni vergiesse wäert:
“Wéi dat Ganzt encadréiert gouf, war am Fong mega cool, well et u sech dorun orientéiert ass, wéi een Astronaut och selektionéiert gëtt an duerno och ausgebilt gëtt. Dann am Fliger war mega, mega, mega. Ech mengen do stellt ee sech villes drënner vir. Ech hu mat ville Leit geschwat, och vun de Kolleegen, déi mat geflu sinn. Kee konnt et richteg a Wierder ausdrécken, well et ee Gefill ass, wat een néirens soss ka fillen. Dat heescht, et ass definitiv den Erwaardungen trei bliwwen an ech géing jiddereen encouragéieren, och do sech ze mellen, well et ass wierklech eppes, wat een nëmmen eng Kéier am Liewe ka maachen.”
Domat ass et awer nach net ganz eriwwer. Nieft der Roll als Promoteur vum Lëtzebuerger Weltraumsecteur fir ee Joer, hunn déi Jonk dëst Joer och d‘Méiglechkeet, mat Entreprisen a Kontakt ze trieden a gesponsert ze ginn.