
De Conseil vum Science Center acceptéiert d’Konditioune vum Educatiounsminister. Dat gouf e Freideg am Verwaltungsrot decidéiert. De Minister Claude Meisch huet am RTL Interview betount, datt hie frou wier, datt d’Acteuren aus dem Conseil d’administration bereet sinn, eng nei Konventioun ze ënnerschreiwen.
Schonn déi lescht Woch hat de Ministère eng Propos fir eng nei Konventioun gemaach. D’Decisioun vum Verwaltungsrot misst elo nach konkretiséiert ginn, huet de Claude Meisch ënnerstrach. Hien hofft, datt dat an den nächste Woche wäert geschéien. Mat der neier Konventioun wéilt een all Zort vun Interessekonflikter aus dem Wee schafen an ënnert anerem zwee Memberen am Verwaltungsrot hunn, fir méi Kontroll iwwert d’Gestioun vum Science Center ze hunn, huet den Educatiounsminister nach erkläert.