
Nom aktuellen Iwwergangsbudget ass et elo am Hierscht un der Regierung, fir Faarf ze bekennen an dat am Budget ze ënnermaueren.
Och d’Rapportrice Corinne Cahen ass sech bewosst, dass d’CSV-DP-Majoritéit un deem Exercice gemooss gëtt, besonnesch an Zäite wéi elo, wou am éischte Semester 12% méi Steier-Recetten erakoume wéi geplangt.
“D’Regierung wäert och Prioritéite setzen, wat de Budget ubelaangt. Ech mengen, se hu jo scho Prioritéite gesat an d’Leit entlaascht, doduerch dass se d’Steiertabell adaptéiert hunn. Ech mengen, dass et och dat ass, dat ee muss maachen, Wa méi Sue kommen, da muss dat och de Leit zegutt kommen. A virun allem deene Leit, déi net vill hunn an do wäerte mir ee besonneschen Accent drop leeën.”
Um Krautmaart war och d’Ëmsetze vum Budget een Thema am Gespréich mat Experte vun der OECD. Déi proposéieren, ee méi zil-orientéierte Budget, deen och besser ze kontrolléieren ass.