Um FreidegnomëttegCourse-poursuite tëscht Féiz a Steebrécken

RTL Lëtzebuerg
E Freideg am Nomëtteg huet d'Police zu Féiz eng Verkéierskontroll gemaach. Een Automobilist huet sech dobäi aus dem Stëbs gemaach.

Direkt e puer Policepatrulle sinn dem Flüchtegen hannendru gefuer. Bei der Course-poursuite tëscht Féiz a Steebrécken sinn am Ganze véier Gefierer, dorënner och zwee Déngschtween vun der Police, beschiedegt ginn. Ee Policebeamte koum zur Kontroll an d’Spidol.

De flüchtege Chauffer konnt spéider gestoppt ginn. Hien hat kee Permis a gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.

Back to Top
CIM LOGO