D‘Oppositioun kann net novollzéien, datt d‘Regierung sech elo hei ënner Drock setzt, obwuel et epidemiologesch gesi keng Urgence gëtt an obwuel d‘CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez an de leschte Méint gutt Zäit gehat hätt, dës Situatioun ze reegelen, respektiv ze verbesseren.
Ënner anerem den LSAP-Deputéierten a fréiere Covid-Rapporter Mars di Bartolomeo huet e Mëttwoch de Moien no enger Reunioun vun der parlamentarescher Santéskommissioun wéineg Versteesdemech gewisen.
“Hei gëtt déi selwecht legislativ Prozedur geholl wéi an der akuter Phas vun der Pandemie. Dat heescht haut gëtt deponéiert an eng Woch duerno soll dann dee Projet duerch d’Chamber goen. Dat Zweet, sou wéi mer aus den Erklärunge vun der Madamm Minister héieren hunn, ass dat, wat nach virun engem Joer vum haitege Chamberpresident gefuerdert ginn ass, fir eng onofhängeg Evaluatioun vun de Mesurë vun de Covid-Moossnamen ze maachen. Dat gëtt elo aneschters interpretéiert. Dat soll elo am Kader vun enger Loi de santé publique gemaach ginn.”
D‘Oppositioun freet sech och, firwat net méi vun engem Pandemie-Gesetz rieds geet, mä ebe vun engem Gesetz vun der ëffentlecher Gesondheet.
D‘Regierung géing donieft Remarke vum Staatsrot ignoréieren, bedaueren nach d‘Piraten an Déi Lénk. De gréngen Deputéierte François Bausch huet d‘Propos gemaach, datt bis Enn dës Jores dat aktuellt Gesetz soll nogebessert ginn, notamment beim Dateschutz.
Eng Iddi, déi bei der Majoritéit gutt ukomm wier, sou de François Bausch. An der Konsequenz soll eng entspriechend Motioun gestëmmt ginn.
En anere Sujet um Ordre du Jour vun der genannter Chamberkommissioun war d’Südspidol. Do goufen Datumer genannt: 2026 sollen d’Aarbechten ufänken an 2032 soll déi nei Klinik zu Esch opgoen.