An den soziale Medien zirkuléiert den Ament e Video, an deem een de Premier Xavier Bettel an d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert op engem privaten Event op Mammendag (13.Juni) gesäit, op deem béid Spëtzepolitiker weder eng Mask un hunn, nach eng Distanz anhalen. Vu dass den offiziellen Discours ëmmer nach ass, fir virsiichteg ze sinn an Gestes barrièren anzehalen, stellt sech d’Fro vun der Responsabilitéit an der Virbildfunktioun vun Spëtzepolitiker am Kontext vun der Pandemie.
Mer hunn esouwuel beim Staatsministère, ewéi och am Gesondheetsministère nogefrot,ewéi si selwer dësen Optrëtt vun virun zwou Wochen bewäerten.
Hei ass de Statement aus dem Staatsministère: „Déi aktuell Situatioun an de Succès vun der Impfcampagne huet et erlaabt, Mesuren esou ze veränneren, dass kulturell Evenementer ënner Konditiounen an notamment mat engem System vun Testing a CovidCheck nees méiglech sinn. Dat ass wichteg, gutt a richteg esou fir de Secteur vun der Kultur, vum Sport, vum Evenementiel, dem Horesca, mee och am Alldag. Deementspriechend hunn och éischt Eventer stattfonnt an de Premier ënnerstëtzt all Initiativ, déi an engem reglementéierte Kader an am Respekt vun de Mesuren an Reegelen kann organiséiert ginn.“
Hei de Statement vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert: „De Concert gouf ënnert dem Regime vum CovidCheck ofgehalen, wou jiddereen, deen do war, kontrolléiert ginn ass. Dat huet gutt fonctionnéiert an erlabt eben, esou Eventer ouni Mask oder Distanz kënnen ofzehalen.“