
Den Emploi salarié wier am éischten Trimester vun dësem Joer ëm 0,2% gewuess. Op ee Joer gekuckt ass et eng Hausse vun 1,1%. Am leschten Trimester d’lescht Joer war et nach eng Progressioun vun 1,6%. Am meeschten nei Aarbechtsplaze goufen an de Finanz- an Assurancësecteuren an am ëffentlechen Déngscht geschaaft. Manner Plaze ginn et an der Industrie an am Bau.