ONGenCSSF hat am Mee d'Banke scho viru "Vulnerabilitéite" gewarnt

RTL Lëtzebuerg
An der Caritas-Affär deit munches op Anomalien an der Gouvernance vun der Caritas, mä och bei der Kontroll vun de Banken hin.

Dee Verdacht gëtt gestäerkt, wann een e Communiqué vun der CSSF vu Mee dëst Joer liest.

CSSF am Dossier Caritas - E Reportage vum François Aulner

D’Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz huet nämlech hei, viru Méint schonn also, de Finanzinstituter rappelléiert, datt Organisations à but non-lucratif (OBNLen) dem Risiko vu Finanzéierung vun Terrorismus besonnesch ausgesat sinn. Zwar wieren hei am Land keng Typologien, also typesch Muster detektéiert ginn, wou entweder Donen oder Gelder fir Projeten am Ausland mëssbraucht ginn, ma awer wier de “Sous-secteur” vun den ONGe “ganz vulnerabel”.

Ewéi den Expertegrupp vum Gafi réit d’CSSF vun “disproportionéierte” Mesuren of. Et géing drëm goen, d’Lutte géint d’Finanzéierung vun Terrorismus an de Blanchiment an den Zougank vun OBNLen zu Kredit ënnert en Hutt ze bréngen. Se recommandéiert awer, eng 19 Indicateuren z’applizéieren, fir Risiken oder Abusen z’entdecken. Dozou gehéieren zum Beispill Schwieregkeeten, fir d’Origine oder d’Destinatioun vu Gelder ze retracéieren oder wann Transaktiounen ouni Erklärung zouhuelen.

D’Recommandatioune weise kloer, firwat sech aktuell am Finanzsecteur vill Froe gestallt ginn: An zwar ewéi d’Iwwerweise vun 61 Milliounen Euro an d’Ausland iwwer 5 Méint an iwwer méi ewéi 100 Tranchë konnt geschéien oder nach ewéi zousätzlech Kreditlinne konnten accordéiert ginn.

D’Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz huet sech selwer mat enger Analys, vun deem wat bei der Spuerkeess a bei der BGL BNP Paribas geschitt ass, befaasst.

Back to Top
CIM LOGO