
Magnumtrade.io a commondigital.eu, déi allebéid uginn, hire Siège hei zu Lëtzebuerg ze hunn, hu keng Zouloossung vun der nationaler Kontroll-Instanz fir de Finanz-Secteur, fir iergendwellech Servicer, wat den Investissement vu Sue betrëfft, dierfen unzebidden. D’Aktivitéite vu béide Sitten wieren dohier illegal, heescht et vun der CSSF.