Wiseler-Lima an Hansen excuséiertCSV feelt bei Evenement fir Lëtzebuerger Europadeputéiert

Pierre Jans
En Dënschdeg soll d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen hir Ekipp offiziell presentéieren.
Lëtzebuerger Europadeputéiert hu politesch Prioritéite virgestallt
Eigentlech sollten déi 6 EU-Deputéiert fir de Grand-Duché hir Prioritéite presentéieren, ma et waren der awer nëmme 4 komm. Déi 2 vun der CSV waren excuséiert.

Déi lescht Deeg gouf et massiv Kritik un der geplangter Zesummesetzung vun der Kommissioun. D’Sozialiste wäre gär méi staark representéiert a fuerderen ënnert anerem, dass den Nicolas Schmit fir Lëtzebuerg Kommissär gëtt an net den Auserwielte vun der Regierung, de Christophe Hansen. Anerer kritiséieren, dass net genuch Fraen e Kommissärsposte kréichen.

Weiderhi Kritik u geplangter EU-Kommissioun / Reportage Pierre Jans

Net méi spéit ewéi e Méindeg de Moien huet dunn och nach de franséische Kommissär Thierry Breton missen ersat ginn. An deem komplizéierte Kontext hat de Büro vum Europaparlament zu Lëtzebuerg op eng Pressekonferenz invitéiert, wou déi sechs Lëtzebuerger Europadeputéiert hir politesch Prioritéite sollten erklären. Ma et waren der nëmme véier komm.

Déi zwee vun der CSV waren excuséiert, erkläert de Chef vum Büro vum Europaparlament Christoph Schröder direkt am Ufank vun deem Evenement.

“Den Här Hansen ass am gaangen, sech op en anert Mandat ze preparéieren, wou hie proposéiert gouf. D‘Madamm Wiseler-Lima muss ech och entschëllegen. Si ass op engem aneren Evenement.”

De Christophe Hansen vun der CSV gouf jo vum Premier Luc Frieden, wéi am Koalitiounsaccord festgehalen, als Kommissär fir Lëtzebuerg proposéiert. Ma et gouf en hin an hier virdrun, an et gëtt wuel och en hin an hier duerno. De Charles Goerens vun der DP bréngt et op de Punkt.

“D‘Ursula vun der Leyen huet praktesch all Fraktioun dat versprach, wat déi gefrot huet, fir déi Koalitioun zu stanen ze bréngen. D‘Schwieregkeeten, déi deen Ament net geléist waren, kommen elo op. Ech géif nach keen Cent wetten, dass déi do Kommissioun sou duerchgeet, wéi si dat proposéiert.”

© Eric Ebstein / RTL

D‘Sozialiste fille sech als Koalitiounspartner vun der Europäescher Vollekspartei iwwer den Dësch gezunn. Nëmme véier vun de 27 Kommissäre wären der aktuell rout, gëtt de Marc Angel ze bedenken.

“D‘Ursula vun der Leyen huet sech do an e Chaos erageridden, aus deem si selwer muss erauskommen. Mir hu kloer gesot: wa si gär hätt, dass mir déi ganz Kommissioun ënnerstëtzen, da brauche mir eng besser Balance vun de Geschlechter an der Kommissioun. A mir hätte gär, dass de Prinzip vun de Spëtzekandidate respektéiert ginn.”

An dass deemno de Sozialist Nicolas Schmit an net de Parteikolleeg vun der Ursula von der Leyen Christophe Hansen fir Lëtzebuerg an d‘Kommissioun kéim. De Fernand Kartheiser, Europadeputéierte vun der ADR, fënnt d‘Diskussioun aus formelle Grënn liicht iwwerflësseg.

“Et sinn d‘Regierungen, déi hir Kandidate proposéieren an et ass net d‘Europaparlament. An et ass a mengen Aen och net fir Krittären ze beméien, déi iwwerhaapt net an den Traitéë stinn. Et steet doran net, dass d‘Kommissioun soll paritéitesch no Geschlechter zesummegesat ginn. Et steet och net an den europäeschen Traitéen, dass et Spëtzekandidate gëtt.”

© Eric Ebstein / RTL

Keng richteg Argumenter, seet de Fernand Kartheiser. Nëmmen, et geet jo och ëm Walresultater, d‘Europaparlament kann ofstëmmen, wéi et wëll, an d‘Kommissioun, esou wéi d‘Ursula von der Leyen se en Dënschdeg presentéiere kéint, kënnt och bei der grénger Fraktioun net gutt un. Virop wéinst dem italieenesche Kandidat Raffaele Fitto. D‘Tilly Metz:

“E Vize-President vun enger Kommissioun ze nennen, deen der Famill vun der Madamm Meloni ugehéiert. Dat fannen ech awer och eng Klack! Eng zweet da fir d‘Sozialisten an och fir eis.”

Aktuell proposéiert d‘Ursula vun der Leyen och just 11 Fraen a 16 Männer. Dorun ännert och näischt, dass nom Schockmoment a Frankräich séier eng Léisung fonnt gouf. Amplaz vum Thierry Breton soll den aktuellen Ausseminister Stéphane Séjourné franséische Kommissär ginn.

D’Besetzung vun de Posten an der Kommissioun ass wuel net onwichteg, virun allem parteipolitesch. Ma den aktuelle Chaos lenkt dach of vun de groussen Erausfuerderungen, virun deenen d’EU steet. D’Rapportere Letta an Draghi schloen Alarm. Op d’mannst 800 Milliarden Euro missten am europäesche Bannemaart pro Joer méi investéiert ginn, fir dass d’Handelspartner a -Konkurrente China an USA een net komplett ecartéieren. Net ze schwätze vun de Konsequenze vum Klimawandel an der Migratioun. Themen, déi och d’Lëtzebuerger Europadeputéiert déi nächst Jore begleede wäerten. De Charles Goerens:

“Mir ginn tëscht dem Dumping, deen aus China kënnt an dem amerikanesche Protektionismus gequëtscht. D’Europäesch Unioun ass amgaangen, lues awer sécher ze ‘agoniséieren’, wéi de Mario Draghi dat a sengem Rapport festgehalen huet. Dofir musse mir ganz massiv investéieren. Ech schwätze vun 800 Milliarden Euro d’Joer. Wou kommen déi hier? Iwwer d’Steieren ass net méi vill ze huelen.”

© Eric Ebstein / RTL

De Charel Goerens schwätzt sech dofir aus, de Bannemaart am Sënn vun der sougenannter Kapitalmaartunioun ze iwwerschaffen. Domat géif een de privaten Investisseuren nei interessant Opportunitéiten an Europa opmaachen. Aktuell géifen Investissementer an Héicht vun 300 Milliarden d‘Joer un d‘USA verluer goen, well et do méi interessant wär, esou erkläert den DP-Europadeputéierten dem Enrico Letta seng Constaten.

De Sozialist Marc Angel huet zum Beispill ervirgehuewen, dass un engem Reegelwierk fir Kënschtlech Intelligenz an der Aarbechtswelt muss geschafft ginn. De Fernand Kartheiser vun der ADR wëll sech dofir asetzen, dass d‘Lëtzebuerger hire Statement an der Plénière op Lëtzebuergesch maache kënnen. An d‘Tilly Metz mécht sech – ënnert anerem – gär staark dofir, dass an der EU manner lieweg Déieren transportéiert an deels och exportéiert ginn.

© Eric Ebstein / RTL

Back to Top
CIM LOGO