Am Alter vu 84 JoerCSV-Politiker François Colling gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De fréieren CSV-Fraktiounspresident ass François Colling ass dout.

De François Colling, 1940 zu Esch gebuer, war e lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.

1979 ass hien op der Lëscht vun der CSV an d’Chamber gewielt ginn, an 1984, 1989 souwéi 1994 erëmgewielt ginn. Tëscht 1984 an 1995 war hie President vun der CSV-Chamberfraktioun a vun 1996 bis 2007 war hie Member vum Europäesche Rechnungshaff.

De François Colling war de Fils vum fréiere CSV-Minister, Dokter an Auteur Emil Colling.

Back to Top
CIM LOGO