Centre Thérapeutique Manternach (CTM) CTM fuerdert méi Wunnraum fir suchtkrank Leit an Ënnerstëtzung um Terrain

Monique Kater
Suchtkrankheeten ass eng vun den däischtere Säite vun eisem Wuesstem. Keng Adress, keng Aarbecht, a keng Sozialhëllef.
Centre Thérapeutique Manternach (CTM)
CTM fuerdert méi Wunnraum fir suchtkrank Leit an Ënnerstëtzung um Terrain

Domat stinn engem Drogenofhängege seng Chancen, d’Kéier ze kréien, relativ schlecht. Et géing dofir u Rhythmus am Liewe feelen oder och un uerdentlecher Ernierung, wat virun allem den Ufank vun der Therapie, méi schwéier mécht, seet den Andreas Krzykowski, Direkter vum Therapiezenter Manternach.

Grad ewéi op Useldeng dierf och op Manternach jiddwereen, deen eng CNS-Kaart huet. Nom Sevrage 2 bis 4 Méint Waardezäit. Den ëmmer méi groussen Drock dobaussen, dat perfekt Musse-Funktionéieren am Job, dat ëmmer erreechbar musse sinn – natierlech méich dat de Patienten Angscht, och virun engem Réckfall.

D’Patiente wieren net eleng duerch déi gesellschaftlech Ufuerderungen, mee och duerch d’Presenz vum Handy am Alldag an dem Kontakt mat der Zeen, nach méi engem grousse Suchtdrock ausgesat. Dofir géif hei mat neien Therapieusätz geschafft.

Wärend dem éischte Kontakt vum Süchtege mat der *alternativer Berodungsstell” vum Therapiezenter, maachen d’Mataarbechter sech e Bild vum Concernéierten. Hir Presenz um Terrain wier eng wichteg Etapp, héing awer e bëssen an der Loft, well si ouni Konventioun, also ouni finanziell Hëllef vum Staat géinge schaffen. Gebraucht géifen zwee Posten.

Manternach schafft net no engem Gesamtkonzept, mee no engem Plang “Sur mesure”, dee sech och op d’Stäerkte vum Patient bezitt.

Och iwwer eng méi breet “Mamm/Kand"- Betreiung géif ee sech freeën an et sollt een hei am Land och onbedéngt iwwer eng Therapieplaz fir Mineuren nodenken – déi misste fir den Ament all an d’Ausland.

Centre Thérapeutique Useldange (CTU): Konsumverhalen haut méi komplex, Alkohol eleng net méi den eenzege Probleem

Konsumverhalen haut méi komplex, Alkohol eleng net méi den eenzege Probleem
D’Changementer an der Gesellschaft weise sech an de Problemer vun der Clientèle vum CTU: méi komplex wéi fréier a se mussen och aneschters ugepaakt ginn.

Back to Top
CIM LOGO