Locked ShieldsCyberattacke ginn et ëmmer méi heefeg, Lëtzebuerg preparéiert sech op Eeschtfall

Pierre Jans
Lëtzebuerg krut viru ronn engem Mount kloer gewisen, wéi wichteg Cyberdefense ass.
Cyberattacke ginn et ëmmer méi heefeg, Lëtzebuerg preparéiert sech op Eeschtfall
Lëtzebuerg krut viru ronn engem Mount kloer gewisen, wéi wichteg Cyberdefense ass.

Locked Shields / Reportage Pierre Jans

D’intensiv Attacken op staatlech Systemer konnten nämlech ofgewiert ginn, och well sech reegelméisseg op esou Zeenerië preparéiert gëtt, wéi déi ganz lescht Woch hannert zouenen Dieren an engem Hotel an der Stad.

Zesumme mat Cyber-Spezialisten aus der Belsch hunn d‘Lëtzebuerger op en neits um “Locked Shields"-Exercice vum NATO-agreéierte Cooperative Cyber Defence Center of Excellence deelgeholl. De Pierre Jans war kucken.

Vill kritt een net ze gesinn. Déi 130 Persounen aus der Lëtzebuergesch-Belscher Ekipp sëtzen an engem grousse Sall virun enger Hellewull un Ecranen. Den Exercice leeft virtuell of. Den Zenario ass fiktiv. De Lieutenant-Colonel Patrick Antony vun der Lëtzebuerger Arméi erkläert.

“Et ass dorëms gaangen, dass zwee Inselstaate mateneen an engem Konflikt sinn, an dass deen ee Staat deen aneren ugegraff huet, en Deel vun deem Staat besat huet, a mat Hëllef vu Cyberattacken an Informatiounscampagnen dat Ganzt preparéiert huet am Virfeld.”

Richteg, den Zenario kënnt engem zu Recht ganz bekannt vir. D’russesch Invasioun an d’Ukrain gouf mat Cyberattacke preparéiert a verstäerkt. Beim Exercice d’lescht Woch goufen et 5.500 virtualiséiert Systemer, déi duerch 8.000 Attacken an Echtzäit gestresst goufen. D’Zentral vum Exercice a vun der béiser rouder Ekipp war zu Tallinn an Estland. Déi ronn 40 Natioune waren a verschiddenen bloen Ekippe géinteneen ugetrueden.

Patrick Antony: “D’Blo Ekippe schaffen net zesummen. Jiddereen huet säi separaten Volet, deen e muss ofdecken. Dat ass bedéngt duerch den Exercice, fir duerno kënnen e Ranking ze maachen. Et geet drëms ze kucken, wéi deen ee par Rapport zu deem aneren ofgeschnidden huet.”

Zejoert war d’Team Schweden-Island am effektiivsten. Och zu Lëtzebuerg iwwerdréit eng strategesch Ekipp elo d’Erkenntnisser aus dem fiktiven Zenario an den nationale Cyberplang. Déi 80 Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuerger haten zesumme mat 50 Experten aus dem Partnerland Belsch deelgeholl. Nieft Arméi a Police hunn och Administratiounen a Gemengen matgemaach. Nach net esou dacks waren och méi privat Entreprisen dobäi, ewéi d’Luxair oder d’SES, fir just déi ze nennen.

De Chef d‘Etat-Major Steve Thull: “Cyber-Resilienz heescht, dass een als Populatioun, als Gesellschaft muss kënne reagéieren. Et ass net nëmmen eppes vu Spezialisten an engem Domän. Dofir sinn d’privat Entreprisen och déi Kéier nees massiv dobäi. Dat mécht eis méi resilient.”

En dynamesche Léierprozess, betount d‘Defenseministesch Yuriko Backes.

“Déi Attacken ännere sech jo och permanent. Mir mussen deemno kucken weider ze léieren a permanent optimal opgestallt ze sinn.”

Deemno wäert de Budgetsposte Cyberdefense sécherlech och nach méi grouss ginn um Wee bei d'2% vum PIB fir Militärausgaben.

PDF: Locked Shields 2024 - Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO