An der StadCyclist vu Bus ugestouss

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdegmoie war de CGDIS bei dräi Accidenter op eise Stroossen am Asaz.

Géint 7.50 Auer war zu Näerden an der Dikrecher Strooss en Auto an eng Remorque gerannt. Eng Persoun gouf hei blesséiert. D’Ambulanz vu Réiden an d’Pompjeeë vu Biekerech waren op der Plaz.

Um 10.11 Auer gouf dann e Cyclist an der Rue des Bains an der Stad vun engem Bus ugestouss. Hei waren d’Ambulanz an d’Pompjeeën aus der Stad am Asaz.

Mol keng zéng Minutte méi spéit hat sech an der Rue Andethana zu Ueweraanwen en Auto iwwerschloen. Hei waren d’Pompjeeë vu Nidderaanwen an d’Ambulanz vu Jonglënster op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO