Um HouwaldCyclist vu Bus ugestouss a blesséiert

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt eng blesséiert Persoun bei engem Accident an der Diddenuewener Strooss um Houwald.
© RTL

Wéi den 112 schreift, gouf e Méindeg de Moie géint 9.30 Auer an der Diddenuewener Strooss e Cyclist vun engem Bus ugestouss. Déi blesséiert Persoun gouf vum Samu-Noutdokter versuergt.

Donieft waren d’Ambulanciere vu Beetebuerg an d’Pompjeeën aus der Stad op der Plaz.

Wéi d’Police am Trafic-Info preziséiert huet, ass den Accident op der Héicht vun der Hausnummer 306 geschitt. Och géint 12 Auer koum et dowéinst nach zu Stau. Et soll een d’Plaz evitéieren.

Méi spéit, kuerz viru 16 Auer, gouf et nach eng Kollisioun tëscht engem Moto an engem Auto. Dat zu Beetebuerg Op Frankenacker. Hei gouf et ee Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO